Wat ech manner mat mier selwer beschaeftegt sin, wat d Saachen mei kloer sin.
Wei komesch as dat dann. Mei well ech fier mech selwer, mei praezis gin meng Vierstellungen, mei genau d Saachen dei sollen sin, manner wahrscheinlech sin se.
Di ganz Aentwert lait an der Probabiliteit.
Ech rechnen mer aus wi warscheinlech et as, dass alles as wi et as.
AN ech si mer secher...
Den Recht as STatistik, Theorie...
As alles just eng Fro vun Point de Vue
Freitag, 6. November 2009
Samstag, 31. Oktober 2009
Eiweg Ennerhaalung
D Orangenschuelen leien um Teller an verstreimen hieren Doft. Ech wees et, mee ech richen et net. Ereicht wann ech hei erausgin, an herno zereck kommen waerd ech et richen. Fierwat as dat esou? Fierwat gewinnen ech mech esou un eppes bis zu deem Punkt dass et quasi verschwennt? Ech kann naicht dergeint maachen, et geschitt vum selwen. An wann dat net sou wier? Dann giff alles intressant bleiwen, wei lang och emmer ech deem schon ausgesaat wier. Ech keint quasi all Daag datselwecht man. An et keim mer vier wi wann et all Daag eppes neies wier.
Wat soll ech elo man mat daer Erkenntnis? Akzepteiren dass dat sech dru gewinnen amfong d Uersaach as dass d Menschheet do as wu se as, gedriwen vun hierem Fierwelz no neiem. Sief et elo Wessen oder Ennerhaalung. Mech mat an d Stroum geheien, oder iwerhaapt mol deen urdreiw an mer selwer erem entdecken, deen vlait schon zimlech ofgestompft as, an duerch scheinbar Veraennerungen nemmen befriedegt get. Wi zum Beispill den Kitkat deen et elo och am Waissen get. Vlait suguer spekuleiren dass et deen Urdreiw en Ziel huet, dass en eis iergendwou hifeiert.
Oder awer, probeiren hannert Kulissen ze kucken, ze erkennen dass sech ausserlech villaicht d Emstaenn aenneren, et een awer net wierklech kann Fortschrett kann nennen, dass d Illusioun Fortschrett nemmen duerch Veraennerung entsteet, mer de Fortschrett als Excuse huelen dest oder dat ze man/net ze man, no eppes ze sichen, wat eis Existenz, deen Moment deen eiweg unzedaueren schengt, iergendwei waert besser man.
Oder soll een einfach lassloossen an liewen, sech keng grouss Froen stellen, well et souwisou ni eng Secher Aentwert waert gin. Suguer den Mensch als Haer iwert d Matiere, all Natuergesetzer kennend an faeheg se ze manipuleiren, wat genau giff dat dann aenneren? Seng eegen Galaxien erschaffen, parallel Universen erschaafen, Symbiosen mat aneren Liewensformen agoen...
Et giff schlussendlech och nemmen op eiweg dauernd Ennerhaalung erauslaafen.
Egal wat ee mecht, eng Fro kennt emmer erem. Sou, an wat elo?
Eiweg Ennerhaalung.

Montag, 15. Juni 2009
Natur
Mat enger Fro an d'Wüst zeien. Rou fannen. Alleng sin.
Alleng mat de Froen. Weiderfroen.
Mediteieren. Energie schöpfen.
Mier sollen eise Kanner d'Meiglechkeet gin an d'Welt ze zeien. Si sollen leieren erwuessen ze gin, alleng kennen eenz ze gin.
Si mussen raus aus dem Schema.
Visioun.
Si mussen eng Arbecht fannen. Suen. Eng Famill grennen. Hip sin. Am Schema bleiwen. Gudd enkadreiert. Fier datt se jo net op domm Gedanken komme. Si sollen gesellschaftsfäheg sin. Interaktioun. Toleranz. Maach et, sos... Maach et, sos....
No engem Joer an der Wüst kennt et raus an ass erwuessen, et well Verantwortung an ass staark ouni Kampf, roueg.
No engem Joer an der Groussstadt wees et naischt, an schubst Verantwortung ewech. Konfusioun mecht seng Argumentatioun an Reflexioun.
Eis Kanner.

Politik
Politik.
Waat soll daat da sin?
Iergent enzwouch hunn ech eng Keier deen Statement heieren: All Handlung ass Politik (oder sou ähnlech).
Waat bedeit et eigentlech politesch engageiert ze sin?
A mengen Aen, lo an desem Moment, heescht poliesch aktiv ze sin, dain direkt Emfeld ze beaflossen. Duerch dain Handelen, deng Art a Weis Meenung ze verbreeden, vertretts du eng politesch Positioun. Ech fannen du hues mei politeschen Afloss op deng Kollegen oder Famill (mat deenens de an direktem Kontakt bass) wi iergenteen Politiker et jemols reel keint hunn. Politiker un der Spetzt vun der "Politik" hunn eigentlech keen direkt Emfeld. Si reesen duerch ganz Welt, mam Fliiger sou schnell wi nemmen meiglech, eng hallef Stonn vun Letztebuerg op Pareis, op Breissel, op London, op Berlin, an sou weider. Si hunn vlait en direkten Afloss op d'Leit, an deems se de Leit hier Emgebung emmer mei veränneren, hiert Liewen emmer mei schnell anescht ausriichten kennen (Wirtschaft). Ech mengen dei Leit di un sou eppes gleewen, sech vun iergent engem dirigeieren loossen dee wait ewech vun hinnen ass an iwwerhaapt naischt mat hinnen ze din huet, sin liicht donieft. A Plaaz ze kucke waat si wierklech an hierem Emfeld brauchen keinten, an selwer aktiv ze gin, direkt handelen, ouni ze waarden, iwwerdroen se den Schaiss op een deen wait ewech vun hinnen ass. Si lossen sech duerch hien hiert direkt Emfeld veränneren, an si haassen et. Si haassen di Welt an där se liewen an sech selwer. (Rechtsextremismus schengt eng gudd Alternativ fier vill Leit, direkt handelen, radikal bleiwen, fier d'Heemecht.) Politik ännert do naischt. Menger Meenung no solle mer alleguerten einfach kleng ufänken an do bleiwen wou et eppes ze maachen gett, nämlech doheem, virun eiser Hausdiir. Wann dese System zesummebrecht ass et daat eenzeft waat eis bleiwt. Wann et souwait ass wärten d'Leit op Strooss goen an hier Verzweiflung an Destruktioun emwandelen. Si hunn hiert Emfeld trotz scheiner Visiounen a Wahlverspriechen nach emmer net kennegeleiert oder gecheckt.
An eng Partei gioen brengt naischt. Informeier d'Leit breng se op nei Ideen. Loos se vun enger annerer Welt dreemen.
Kuck der se dach mol un, wi se do setzen an onzefridden sin.
Kuck dech dach mol un
Kuck mech.

Donnerstag, 11. Juni 2009
Net wat kucks du. Wei kucks du.
Inhalter, Idden, Konzepter, Wessen. Et drengt net mei zou mer duerch. ET schengt wei wann di Saachen eidel wieren. Di ueblech Objekter op dei meng Wahrnehmung sech riicht schengen eidel. Se machen keen Ennerscheed, sin net relevant. Si sin ouni Interesse well ouni lieweg Verbindung zu deem wat momentan as. Vill mei riicht sech d Interesse op d Wahrnehmung selwer. D Objekter erschengen ausgeschoepft. Et get net mei em si. Si sin wat se sin. Vill mei intressant as dat wat een aus hinnen kann man. Wei se sech an hierer net materieller Form manifesteiren. D Wahrnehmung selwer get zum Ziel vun der Wahrnehmung. D Fro di sech stellt as, wi plastesch as d Wahrnemung, wei verformbar, wei lenkbar? D Veraennerung vun der Intensiteit as schon erliewt gin, di quantitativ Veraennerung as naicht Onbekanntes. Elo geet et drems erauszefannen op eng qualitatiif Veraennerung meiglech as. Solch Ennerfangen feiren onweigerlech zu enger gewesser Isolatioun, well schweier kommunizerbar, an relatiiv friem fier deen aneren, materialistesch kadreierten. Alles huet sai Prais.
Montag, 8. Juni 2009
Wir elende Menschen
Mir liewen hei an engem System, wou mir naicht besseres ze din schengen wei waarden... andems mir waarden, waarden mir op eng zeit, weini mir nach mei waarden können! Waerendems gin et der, dei schaffen, den ganzen zeit, si hun naicht ze waarden! dat as traureg! Mir sin Daiwelen, mee mir liewen am Paradis! Et gin hautzedaags mei an mei Engelen dei leiden mussen, fir dat et eis besser geet, dei ignoreieren mir.
Mir waarden dorobber, dat et eis besser geet. Mee wat bedait dat lo schlussendlech? Hautzedaags? Geet et eis net gudd genuch? Muss et eis emmer besser goen? Kann et eis net eng keier mei schlecht goen fir dat et annerer besser geet, bzw. fir dat annerer iwwerhaapt existeiren können?
Et get gesot dei eng sin pessimistesch an di anner sin optimistesch! Et get net gesot dat allen 2 nach emmer dreemen. Et geschitt net vill! Den eenzegen Handlen dei mir feststellen mussen as d'Autodestruktioun. Et gin Leit, dei sech investeieren t'Leit ze informeiren, ze beweegen domadder opzehaalen eis selwer an eis Welt futti ze maan! Leider sin se eng Minoriteit, an et misst een beispill un si huelen, mee an plaatz, befreien mir eis vum "schlechten gewessen" andeems mir dei Leit nemmen eise Vertrauen verschenken. Mir zersteiren wei mir et weiderhin gewinnt sin... Oder mir lauschtren net no, mir kucken net mei wat ronderem eis geschitt, et as net real. Mir wellen net wessen wat mir maan, mir wellen all ze sechere Wee. Mee et get keen sechere Wee, all Wee hällt eng Keier op.
Et get keng Zeit mei, mir hun ze laang gewaart an eis zevill geheetzt! Mir sin elend Kreaturen, keen well sech als responsabel agesin fir dat wat geschitt. Dein eng geingen jo gaeren eppes maan, mee fir d'eischt muss een t'schoul an den studium hannert sech brengen, ouni dei een net unerkannt as, als blöd on irresponsabel agestuft. An dat dauert! Et dauert emmer! Mir befannen eis an engem system, een spannennetz, an dem mir Täter zum Opfer gin sin!
kjbsdgjkbsssgdskhbdgjbdsgkjsdgjkbdsjdfjkbdgsjkbdsgjkbdsgkjbgds jksdgjksdn dsvcvoégfdsghj
gajfghaégjh
sfgkjabgkjahgkjagbjkagbalfégjabgajfdgkab
fgadféjgarbgughbéajhgéafghajgnéaroguihagéoadfgha
aéohagoighafàgiahfàoighafégihagéoairhgo8rzthaugfj4tafmgkhap9ràthj
artgo8hztlkahrtaràtp9a47uawtj

Sonntag, 24. Mai 2009
loop station as a language!
Et keinnt zum beispill sou enervant ausgesin:
Een den keen Wellen well hun, huet den Wellen keen Wellen ze hun. Well hien keen Wellen ze wellen huet, kann hien dann keen Wellen hun, dat net ze wellen wat hien well, nämlech keen Wellen ze hun. Awa, wann en een Wellen hätt, kann en dach net keen Wellen hun...
Sou Sätz sin ustrengend!

As Laachen keen komeschen witz?
Wien huet schon nie gelaacht? Et laacht een schon wann engem eppes witzeg firkennt oder wann een einfach glecklech as, "c'est le bonheur". Mee fierwat? Fierwat laachen mir? Mussen mir dat? Wat fir eng Notwendegkeet huet et? Den Doktor geing soen: laachen as Gesond! Een deidlech-verongleckt gequälten, gekëddelten an zum Laachen gezwongenen bis zum erstecken Gefolterterten wier vlait net der selweschter Meenung, virausgesetzt hien hatt keen Spaß um Stierwen! Laachen as sënnlos, vlait grad sou sënnlos wei kraischen (woubei een soen muss dat een vun Laachen kraischen kann, an Laachen dat Kraischen als Uersach kann fannen).
Geing een t'Welt nach als witzeg, friedlech an glecklech empfannen, geing een sech t'Laachen net ofgewinnen- Kann een sech iwwerhaapt t'Laachen ofgewinnen? Wier laachen ofzeschaffen dann net grad sou grondlos wei dat Laachen selwer?
Wei soll een den Mysterium vum menschlechen Verstand ugoen?
...
Egal, jiddfereen wärt vlait zoustemmen, laachen as eppes scheines (wann een net grad gefoltert get), et as eppes wou een sech dono erliichtert fillt an doraus och nach euphoresch Empfindungen kann kreien.
Et laacht een awa net emmer aus freistem wellen, entweder laacht een spontan, oder et laacht een gezwongen. Geint dat spontan laachen kann een naicht maachen, et gin momenter wou et einfach ongemellt kënnt, et manifesteiert sech einfach. Heinsdo zwengt een sech ze laachen, well een net als een riwwer kommen well den een witz net verstan huet (schomols wann een dann den enzegen an enger grupp as, den net vun selwem ufänken geing mat laachen), et as een Laachen un den een gezwongen deel hëlt. Heinsdo awa, as et mat freed an Loscht dat een un een gemeinschaftlechen laachen deel hëlt, och wann et keen witz get wouriwwer een laachen keinnt, oder och wann een den witz net verstan huet. Den Laachen vum anneren bewierkt dat een selwer laacht. T'Laachen as een Symptom den sech vun engem op den anneren iwwerdroen kann. Vlait och , well dat Laachen vun dei anner Leit sou witzeg sin an si sou "ridicule" Lauten vun sech gin, dat een mam beschten wellen sein eegene laachen net ennerdrecken kann. Heinsdo laacht een iwwert saachen, dei guer net witzeg sin, dei schon baal "onmoralesch" sin, oder "puren saddismus" wier, wann een op t'schness geet (ob gewollt oder net, as egal) zum beispiel.
Laachen as facettenreich, an t'fro fierwat een laacht, blaiwt relativ. T'wourecht iwwert dat Laachen waert een wuel nie erfaassen können. Sech ze froen fierwat een laacht schengt grad sou eng metaphysesch Fro ze sin wei fierwat mir iwwerhaapt liewen.
Wann et "Gott" sollt existeiren, dann war eng vun sengen Schöpfungen, t'Laachen, wuel den greissten Witz den jemols erschaaft gin as!

Dienstag, 19. Mai 2009
E puer froen, ennerwee, jiddfereen kann 1 oder mei froen wiellen
Mir fällt net an, wat ech schraiwen keinnt, ech befannen mech grad virun enger Mauer. Ech kucken mir di Mauer un, an ech waert nach eng Zaitchen nach drop hänkeblaiwen. Doweinst stellen ech puer froen, an der Hoffnung eng Diskutioun ze starten, wou dann jiddereen op dei froen beäntferten daerf, an seng Meenung beidroen. Ech hoffen un Inspiratioun, an dat natiirlech och fir soss jiddereen dei et waert liesen oder schraiwen, eng Inspiratioun dei een beweegt sech nach mei auszedrecken, ob kritesch oder kreativ. Ech soen am Viiraus schon merci!
1.Fierwat stin ech virun enger Mauer?
2.An weieng Momenter faenkt een un ongedëlleg ze gin? As dat gerechtfertegt?
3. Kanns du eppes verteidegen, mat dems du net averstan bas? Fiirwat (net)? (oder gin et sachen deis du verteidegs mat dems du net averstan bas?
4. Fierwat widersprecht een sech, an der Hinsicht, dat een sech gezwongen fillt eppes ze maan? Mei kloer, fierwat fillt een sech gezwongen eppes ze maachen? (z.bsp. een den anti-fast-food wier an en geet an den quick)
5. Een motiveiert dem anneren mei emweltbewosst ze liewen, net ze panikeiren an gefeierlech Situatiounen, net mam feier ze spillen, sech gudd fir bestemmt Aufgaben viirzebereeden, etc.
An dach, hällt den sech un naicht wat hien seet. Wou leit den Problem? Huet dat wat hien seet positiv aus wierkungen, well hien solch Wieder verbreet an doduerch leit motiveiert, oder as en eischter negativ, well hien sech net un t'Wieder hällt an eigentlech keen Beispill as den een follegen muss? Kann sou een Verhaalen (ob absichtlech oder net) den Wellen vum anneren zersteiren, virausgesetzt, dat en dei eng wourecht entdeckt?

Sonntag, 17. Mai 2009
le vide se poursuit
T'Liewen as een Tünnel wou een den Wee fir zreck nie remfennt. Et denkt een dann et as een do ukomm wou een virdrun war, mee et huet sech alles geännert, obwuel alles selwescht ze sin schengt. T'Liewen as mei wei nemmen een Labyrinth. Et get keen falschen Wee, et get nemmen een Wee den am End gülteg as. Wei soll een et annescht ausdrecken? Vlait as dat den Schicksal, wann et den Schicksal existeiert. et kämpft een emmer geint den Schicksal, et probeiert een den Schicksal auszetricksen. Vlait léien mir eis selwer un, wann mir probeiren Zukunft virauszegesin, ze änneren...
Et as schon souvill Zeit vergaang, an wann ech zereckdenken, kennt et mir fir wei eng Eiwegkeet, wei eppes onendleches an ech hun na eng Eiwegkeet virun mir, virausgesetzt dat ech net wees weini ech stierwen. Dat berouegt mech. Ech hun mech emmer gefrot wat Wourecht as. Vlait sin ech dat, vlait sin ech eng Wourecht den sech am Raum an Zeit entweckelt an sech ausdehnt wei den universum. Weinstens hun ech heinandso t'Tendenz drun ze gleewen, wann ech un t'Vergangenheet denken. Et as eng Tendenz dei ech sin lossen, den ech net erzwengen. Ech hun souvill gedreemt an mengem Liewen, an ech kann mech un Dreem arenneren aus menger Kandheet, dei mir deemols mei "real" firkomm sin wei di Realiteit di mir alleguer ze gesin schengen. Ech kann mech net un all Draam arenneren, mee vlait as dat och een Deel vun der Wourecht. Mir arenneren eis net un eis Dreem, an können t'Wourecht doweinst nie erfaassen. Keinnte mir eis dreem emmer erliewen, an sech drun arenneren, wei un eng Rees den een virun 5 joren ennerhol huet... Vlait muss een net T'Wourecht an der Realiteit sichen, mee vlait sech drun arenneren.
Ech hun mech och gefrot wei weit t'welt sech verännert, wann een eenzegen faktor sech ännert, wei een Mensch zum Beispill. haengt t'entwecklungt vun der Welt net vun engem eenzegen faktor, wei wann een faktor een urknall wier? Hmmmm...
t'Zukunft waert Aentferten brengen, mee ech erwaarden keng Konklusioun mei.

Samstag, 16. Mai 2009
Ech sin midd, ech ginn schlofen. Ech gin wakreg an ech sin nach emmer midd.
Et breicht een fir d'eischt Raum, fir eppes ze maan, eiert een vun Zeit schwaetzt.
Zeit! Et get zeit fir eppes ze maachen, sou lues. As t'Luesegkeet dann keng villverspriechend Viraussetzung dat eppes aennert? An dach wenscht een dat et schnell geet, wann meiglech alles an elo. Et get zeit eppes ze maachen, emmer! Sou laang et zeit get, as och zeit do fir eppes ze maan, mee wat maan an wien mecht? An weini?
Eppes maachen fir eppes ze änneren... Weivill ännert een dann, wann een eppes mecht? Weilaang dauert dat maachen, an firun allem wou fennt dat maachen statt? Wees een wat een maan muss fir dat ze änneren wourobber en Loscht oder den Drang huet, oder verlaangt een eiweg, dat een anneren eppes mecht, een den vlait mei Muecht huet weis du, een den vlait mei gescheit as, een den dech vlait representeiert, een den wahrscheinlech awa och nemmen vlait dat eppes oder alles besser geing maan. Fir seng eegen Muecht engem anneren Mensch ze gin, eppes ze maan, eppes ze änneren, fir dann meiglegerweis dono ze meckeren dat den resultat net dem momentanen an subjektiven Ideal entsprecht, muss een an engem draam schloofen, et as een na emmer net wakreg gin an sengem Draam. Et as een midd oder liddreg. Mee, et schengt jidfereen averstan ze sin: "et as zeit dat eppes gemaacht get".
Den Witz bei dem Satz, as dat en keng struktur huet, domadder well ech soen, dat et scho baal eng metaphysech aussoh as, an et eigentlech eng Introduktioun fir eppes as, heiandsdo vlait och eng schein Konklusioun, een satz den vill versprecht, mee verspriechen as gefeierlech, genau sou gefeierlech wei dermeisseg aussoen. Soen mir, et as Krieg, an mir soen "et get zait dat eppes aennert" , dat dann wuelverstan domadder den schluss vum krieg gemengt get. Also, muss dann eppes gemaacht gin fir dat et aennert. An dann? Aennert dat wierklech eppes? Heiert een dech? Mess DU dann och eppes? Drecks du dech aus oder waarts du bis een deng gedanken kann liesen? Hues du dann och t'Problematik vun dem Krieg begraift? Hues du keng besser suergen, fir dats du behaapten daerfs, dat eppes geännert muss gin, virausgesetzt dat dech am moment keen lauschtert, wells du dech entweder nie richteg ausdrecks, oder wells du einfach keng Struktur hues, wells du keng "richteg" bzw. ausgebaut Ahnung hues wat ronderem dir geschitt, dats du deng eegen Problematik net ergraifs, wells du alles dat mes wat deng Blannheet konserveiert? Wanns du et eecht mengs, an du wells wierklech eppes änneren... dann as "et as zait..." een eischten schrett, awa net dofiir dat eppes gemaacht get, mee dats du realiseiers wats du verpasst hues, dats du deng aen op mess, dats du dech kultiveiers, fir eegenermoss bescheed ze wessen. Vlait waers du dann raus fannen, dat wann een behaapt dat et zeit as, dat een sech vlait gehetzt huet, et ze soen. Et wier vlait mei "vernünfteg" ze soen "ech huelen mir Zeit fir eppes ze maan" "ech gin Zeit fir eppes zu änneren".
Well, et as och fragwürdeg, vlait, am geigendeel, ob et net "Zeit as fir naicht ze maan"
Hun Menschen net genuch gemaacht, as t'welt net komplex genuch, sin dann net genuch nei problemer an konflikter opgetaucht an denen leschten jordausenden, get den Mensch net emmer mei schnell, ze schnell, faenkt Zeit net un ze real ze gin, ze präsent?

Kafka.
Ech hun mol rem bessen Kafka gelies. An ech war épaté. 2 kuerz Texter giff ech hei posten.
1)
Es handelt sich um folgendes: Ich saß einmal vor vielen Jahren, gewiß traurig genug, auf der Lehne des Laurenziberges. Ich prüfte die Wünsche, die ich für das Leben hatte. Als wichtigster oder als reizvollster ergab sich der Wunsch, eine Ansicht des Lebens zu gewinnen (und - das war allerdings notwendig verbunden - schriftlich die anderen von ihr überzeugen zu können), in der das Leben zwar sein natürliches schweres Fallen und Steigen bewahre, aber gleichzeitig mit nicht minderer Deutlichkeit als ein Nichts, als ein Traum, als ein Schweben erkannt werde. Vielleicht ein schöner Wunsch, wenn ich ihn richtig gewünscht hätte. Etwa als Wunsch, einen Tisch mit peinlich ordentlicher Handwerksmäßigkeit zusammenzuhämmern und dabei gleichzeitig nichts zu tun und zwar nicht so, daß man sagen könnte: »Ihm ist das Hämmern ein Nichts«, sondern »Ihm ist das Hämmern ein wirkliches Hämmern und gleichzeitig auch ein Nichts«, wodurch ja das Hämmern noch kühner, noch entschlossener, noch wirklicher und, wenn du willst, noch irrsinniger geworden wäre.
Ein erstes Zeichen beginnender Erkenntnis ist der Wunsch zu sterben. Dieses Leben scheint unerträglich, ein anderes unerreichbar. Man schämt sich nicht mehr, sterben zu wollen; man bittet aus der alten Zelle, die man haßt, in eine neue gebracht zu werden, die man erst hassen lernen wird. Ein Rest von Glauben wirkt dabei mit, während des Transportes werde zufällig der Herr durch den Gang kommen, den Gefangenen ansehn und sagen: "Diesen sollt Ihr nicht wieder einsperren. Er kommt zu mir."
Ech ging di 2 esou interpreteiren. Deen eischten beschreiwt deen Wellen, aus der Wourecht, dei un sech jo net positiv oder negativ as, mee eischter eidel, awer iergendwei eppes positives ze maachen. Eng Leisung, di den Mensch zefriddenstellt, eng dei mengt duerch iergenden trick, etwa duerch d Bewosstsin vun daer Sennlosegkeet an deem EIdlen sech kennen iwert dat eidelt an dat sennlost hinwechzestellen. Dass deen Wellen, hei Wonsch genannt iwerhaapt opkennt lait dorunner, dass een, virun allem wann een jonk as, Regelen vun Autoriteiten operluegt kritt, an een insgheim mengt dei Regelen haetten iergenden steenhaart Fundament. Iergendwann mierkt een dann, dass dat just Regelen sin dei am eidlen Raum schiewen.
Deen 2. as aehnlech. Een Liewen, Oder de Kader an deem een liewt get hei als eng Zell beschriwen, den Kader selwer wieren dann di Wourechten oder Iwerzeegungen dei een huet, an dei och glaichzaiteg d Maueren vun der Zell duerstellen. Wann dei Zell engem ze enk get, sicht een no enger anerer, eng di am beschten Fall mi grouss as. Mee sou oder sou, wann een vun eppes iwerzeegt as, huet een domat glaichzaiteg seng Mauren festgeluet. An iergendswei hofft een, dass een op der Sich no der Wourecht awer erleisst get. Sou giff di Sich sech dann rechtfertegen.
1)
Es handelt sich um folgendes: Ich saß einmal vor vielen Jahren, gewiß traurig genug, auf der Lehne des Laurenziberges. Ich prüfte die Wünsche, die ich für das Leben hatte. Als wichtigster oder als reizvollster ergab sich der Wunsch, eine Ansicht des Lebens zu gewinnen (und - das war allerdings notwendig verbunden - schriftlich die anderen von ihr überzeugen zu können), in der das Leben zwar sein natürliches schweres Fallen und Steigen bewahre, aber gleichzeitig mit nicht minderer Deutlichkeit als ein Nichts, als ein Traum, als ein Schweben erkannt werde. Vielleicht ein schöner Wunsch, wenn ich ihn richtig gewünscht hätte. Etwa als Wunsch, einen Tisch mit peinlich ordentlicher Handwerksmäßigkeit zusammenzuhämmern und dabei gleichzeitig nichts zu tun und zwar nicht so, daß man sagen könnte: »Ihm ist das Hämmern ein Nichts«, sondern »Ihm ist das Hämmern ein wirkliches Hämmern und gleichzeitig auch ein Nichts«, wodurch ja das Hämmern noch kühner, noch entschlossener, noch wirklicher und, wenn du willst, noch irrsinniger geworden wäre.
Aber er konnte gar nicht so wünschen, denn sein Wunsch war kein Wunsch, er war nur eine Verteidigung, eine Verbürgerlichung des Nichts, ein Hauch von Munterkeit, den er dem Nichts geben wollte, in das er zwar damals kaum die ersten bewußten Schritte tat, das er aber schon als sein Element fühlte. Es war damals eine Art Abschied, den er von der Scheinwelt der Jugend nahm, sie hatte ihn übrigens niemals unmittelbar getäuscht, sondern nur durch die Reden aller Autoritäten ringsherum täuschen lassen. So hatte sich die Notwendigkeit des 'Wunsches' ergeben.
2)Ein erstes Zeichen beginnender Erkenntnis ist der Wunsch zu sterben. Dieses Leben scheint unerträglich, ein anderes unerreichbar. Man schämt sich nicht mehr, sterben zu wollen; man bittet aus der alten Zelle, die man haßt, in eine neue gebracht zu werden, die man erst hassen lernen wird. Ein Rest von Glauben wirkt dabei mit, während des Transportes werde zufällig der Herr durch den Gang kommen, den Gefangenen ansehn und sagen: "Diesen sollt Ihr nicht wieder einsperren. Er kommt zu mir."
Ech ging di 2 esou interpreteiren. Deen eischten beschreiwt deen Wellen, aus der Wourecht, dei un sech jo net positiv oder negativ as, mee eischter eidel, awer iergendwei eppes positives ze maachen. Eng Leisung, di den Mensch zefriddenstellt, eng dei mengt duerch iergenden trick, etwa duerch d Bewosstsin vun daer Sennlosegkeet an deem EIdlen sech kennen iwert dat eidelt an dat sennlost hinwechzestellen. Dass deen Wellen, hei Wonsch genannt iwerhaapt opkennt lait dorunner, dass een, virun allem wann een jonk as, Regelen vun Autoriteiten operluegt kritt, an een insgheim mengt dei Regelen haetten iergenden steenhaart Fundament. Iergendwann mierkt een dann, dass dat just Regelen sin dei am eidlen Raum schiewen.
Deen 2. as aehnlech. Een Liewen, Oder de Kader an deem een liewt get hei als eng Zell beschriwen, den Kader selwer wieren dann di Wourechten oder Iwerzeegungen dei een huet, an dei och glaichzaiteg d Maueren vun der Zell duerstellen. Wann dei Zell engem ze enk get, sicht een no enger anerer, eng di am beschten Fall mi grouss as. Mee sou oder sou, wann een vun eppes iwerzeegt as, huet een domat glaichzaiteg seng Mauren festgeluet. An iergendswei hofft een, dass een op der Sich no der Wourecht awer erleisst get. Sou giff di Sich sech dann rechtfertegen.
Donnerstag, 14. Mai 2009
Et gett Zait
Et gett sou lues Zait
Daat soen se all
Et ett sou lues Zait eppes ze änneren
Daat soen se all
Et gett sou lues Zait
Ech wees bescheed
Daat soen se all
Ech wees daat dach
Daat soen se all
Ech wees et besser
Daat soen se all
Ech wees firwaat
Du keins anescht
Daat soen se all
Mier missten eigentlech
Daat soen se all
Mier keinten och
Daat soen se all
Mee et ass eng deck gudd Exküs
Määh et ass eng deck gudd Exküs
Ennerschriwwen
Offiziell
Entschellecht
Krankgeschriwwen
Et ass ok.
Ok?
Donnerstag, 7. Mai 2009
Realiteit.
Andeems mer en Numm op alles setzen, an alles duerch en Zuelen oder Buchstawencode beschreiwenen erschaafen mer eng virtuell Realiteit dei mei real wi di reel as, well se perfekt as an eis keng Raetsel mei opgeht. Dest as eng Illusioun,dei wann se vollstaenneg vollzunn as net mei reckgaengeg maachbar as, an doduerch keng Illusioun mei as. Mier sin derbai d Realiteit verschwannen ze din..
Samstag, 2. Mai 2009
Dreifachknuppes
Fiktioun ass Aktioun?
Gescht op der Party wou d'Leit Saachen zur Fenster rausgeheit hunn
Koum en Clochard an huet eis gewarnt, d'Dier stoung op
Hien wollt mat eis schwetzen a sei Beier drenken, sein eegenen aus sengem Rucksack
Hien wor mei aal wi di meescht am Raum
"Verpiss dech du Penner, Gei dach einfach. Ech hunn keen Bock mei mat dier hei ze diskuteieren, ech well mei Spaass hei, merde, gei einfach"
Eigentlech huet en eng anner Sprooch geschwaat.
D'Leit sin hei an der Staat vill mei seier faerdeg mat sou Gestalten di hinnen eppes erzielen wellen, et keint een mengen si weissten direkt bescheed, si geiffen den Clochard schon hiert ganzt Liewen kennen, si sin zimlech souverän.
Di Leit wessen wei et ass wann hinnen de Beier oder Zigaretten ausgin. Si maan et emmer rem. Och wann si hiert ganzt Liewen geschafft hunn, als Seifahrer zu Rio oder sos, mat hierem Wuechthond, hei geseit een se iwwerall, si hunn es saat, awer maan sech leiwer selwer fräkkt well se net wessen wouhin.
Eis Gesellschaft fonktioneiert. De Frick fluktuation, du oder ech, an de Grenzen w.e.g. s'il vous plait votre crotte monsieur, Ielenbou, falsch Zänn, si sin trotzdem waiss, hues de Loscht oder muss de dech zwengen?
E rouden Pavianarsch
Freitag, 1. Mai 2009
Liewen= Fiktioun au carré
Liewen! Wat as dann liewen? Liewen as stierwen? Fierwat dann stierwen? Mee well liewen! AN fierwat stierwen mir? Mee, well mir liewen! Fierwat dann liewen? ...
Aah, Liewen! Asphixioun! Liewen as Fiktioun, heeeep, an rem deiff anotmen...
As Liewen Fiktioun? Wat as Fiktioun? As Fiktioun Stierwen?...
Neeeeee... Liewen mecht fiktioun. Stierwen mecht Fiktioun. Liewen as Fiktioun mol Fiktioun. Fiktioun au carré
Den Geecht as en bestanddeel vum Liewen. Dein Geecht as Fiktioun!

Mittwoch, 29. April 2009
Op der Kinnekswiss.
Et as scheint Wierder, ech gin mat engem Kolleeg op d Kinnekswiss fier ze kucken wei et do esou as. Huet sech no 2 Joer Uni eppes geaennert op der Kinnekswiss, dat as d Fro di ech mer stellen. Jo an nee. D Moud as hautesdaags eng aner ;) Mee di sonneg Mettesstonnen gin nach emmer op eng aehnlech Art an Weis verbrued. Beier, Zigaretten, Graas an Chipsen, sou keint een et emschreiwen. Naicht as wierklech wichteg. Et as alles do wat een brauch. Wann een alles huet, dann as naicht wichteg. Et as wei d Loft dei een anotemt, et keim een net op de gedanken se wier wichteg, se as emmer do. D Loft fier ze otmen waerd engem net ausgoen. Gradsouweineg den Beier, d Zigaretten, d Grass an d Chipsen.
Een Meedchen wat nierwt mer setzt seet mer "D Halchent vun den Leit hei sin depressiv."
Verschidden Leit gesin net immenz gesond aus, se sin iergendwei um Enn. "Sech feckt man" as een Ausdrock deen een zimlech oft heiert. Sech freckt man. Wei mecht een dat? Mat Alkohol an aneren Substanzen. Fierwat mecht een dat? Well et relax as an Spass mecht. Well een duerno driwer schwaetzen kann, an zu sech selwer soen, "Oh Mann, wat war ech den Weekend doud." Mee wat giff een dann man wann een sech net ging freckt man? Einfach esou zesummenkommen an sech ennerhaalen. Mee, iwer wat soll dann geschwat gin? Iwert den Weekend vierdrun wou een och gudd freckt war. An wann dann jidereen ging domat ophaalen sech freckt ze man, wat geif dann gescheihen? Dann wier ebemol en ganz grousst Lach do. Ganz vill Zait. eppes eidles, desagreables. Eppes wat bewosst mecht. eppes wat Froen opwerft. Wat man ech eigentlech, ausser mech freckt, an an d Schoul goen, fier herno eng Arbecht ze hun, fier Frick ze hun, fier mech freckt ze man... Wat man ech mat mengem Liewen?

Abonnieren
Posts (Atom)