As alles just eng Fro vun Point de Vue

Samstag, 16. Mai 2009

Ech sin midd, ech ginn schlofen. Ech gin wakreg an ech sin nach emmer midd.

Et breicht een fir d'eischt Raum, fir eppes ze maan, eiert een vun Zeit schwaetzt.

Zeit! Et get zeit fir eppes ze maachen, sou lues. As t'Luesegkeet dann keng villverspriechend Viraussetzung dat eppes aennert? An dach wenscht een dat et schnell geet, wann meiglech alles an elo. Et get zeit eppes ze maachen, emmer! Sou laang et zeit get, as och zeit do fir eppes ze maan, mee wat maan an wien mecht? An weini?

Eppes maachen fir eppes ze änneren... Weivill ännert een dann, wann een eppes mecht? Weilaang dauert dat maachen, an firun allem wou fennt dat maachen statt? Wees een wat een maan muss fir dat ze änneren wourobber en Loscht oder den Drang huet, oder verlaangt een eiweg, dat een anneren eppes mecht, een den vlait mei Muecht huet weis du, een den vlait mei gescheit as, een den dech vlait representeiert, een den wahrscheinlech awa och nemmen vlait dat eppes oder alles besser geing maan. Fir seng eegen Muecht engem anneren Mensch ze gin, eppes ze maan, eppes ze änneren, fir dann meiglegerweis dono ze meckeren dat den resultat net dem momentanen an subjektiven Ideal entsprecht, muss een an engem draam schloofen, et as een na emmer net wakreg gin an sengem Draam. Et as een midd oder liddreg. Mee, et schengt jidfereen averstan ze sin: "et as zeit dat eppes gemaacht get".

Den Witz bei dem Satz, as dat en keng struktur huet, domadder well ech soen, dat et scho baal eng metaphysech aussoh as, an et eigentlech eng Introduktioun fir eppes as, heiandsdo vlait och eng schein Konklusioun, een satz den vill versprecht, mee verspriechen as gefeierlech, genau sou gefeierlech wei dermeisseg aussoen. Soen mir, et as Krieg, an mir soen "et get zait dat eppes aennert" , dat dann wuelverstan domadder den schluss vum krieg gemengt get. Also, muss dann eppes gemaacht gin fir dat et aennert. An dann? Aennert dat wierklech eppes? Heiert een dech? Mess DU dann och eppes? Drecks du dech aus oder waarts du bis een deng gedanken kann liesen? Hues du dann och t'Problematik vun dem Krieg begraift? Hues du keng besser suergen, fir dats du behaapten daerfs, dat eppes geännert muss gin, virausgesetzt dat dech am moment keen lauschtert, wells du dech entweder nie richteg ausdrecks, oder wells du einfach keng Struktur hues, wells du keng "richteg" bzw. ausgebaut Ahnung hues wat ronderem dir geschitt, dats du deng eegen Problematik net ergraifs, wells du alles dat mes wat deng Blannheet konserveiert? Wanns du et eecht mengs, an du wells wierklech eppes änneren... dann as "et as zait..." een eischten schrett, awa net dofiir dat eppes gemaacht get, mee dats du realiseiers wats du verpasst hues, dats du deng aen op mess, dats du dech kultiveiers, fir eegenermoss bescheed ze wessen. Vlait waers du dann raus fannen, dat wann een behaapt dat et zeit as, dat een sech vlait gehetzt huet, et ze soen. Et wier vlait mei "vernünfteg" ze soen "ech huelen mir Zeit fir eppes ze maan" "ech gin Zeit fir eppes zu änneren".

Well, et as och fragwürdeg, vlait, am geigendeel, ob et net "Zeit as fir naicht ze maan"

Hun Menschen net genuch gemaacht, as t'welt net komplex genuch, sin dann net genuch nei problemer an konflikter opgetaucht an denen leschten jordausenden, get den Mensch net emmer mei schnell, ze schnell, faenkt Zeit net un ze real ze gin, ze präsent?

3 Kommentare:

  1. D Veraennerung lait an der Loft wi eppes statesches.
    Konflikter sin emmer diselwecht.
    Et geet net drem Konflikter ze leisen.

    Et geet drem d Uersaachen vun den Konflikter oofzeschaafen.

    Weieng Wourechten sin demokratesch?
    Den Mensch as individualistesch an egoistesch.

    Weieng Wourechten sin Fakten?
    Et get keen Grond egoistesch ze sin, et as genug do fier jidereen.

    Wou genau lait d Verzerrung?
    D Illusioun vun der Noutwendegkeet vum Iwerliewenskampf. D Verwiesslen vun der Idee (Suen) mat der Saach. D Idee as net am GLaichgewiicht mat der Saach. Et as vill mei Saach do wei di idee eis gleewen leisst.

    AntwortenLöschen
  2. Demokratesch Wourecht

    The International Monetary Fund (IMF) is an international organization that oversees the global financial system by following the macroeconomic policies of its member countries, in particular those with an impact on exchange rates and the balance of payments. It is an organization formed to stabilize international exchange rates and facilitate development.

    April 22 (Reuters) - The International Monetary Fund has extended a $116 million loan to the Central Asian nation of Tajikistan to help it fight poverty, the fund said.

    Faktesch Wourecht

    Two criticisms from economists have been that financial aid is always bound to so-called "Conditionalities", including Structural Adjustment Programs. It is claimed that conditionalities (economic performance targets established as a precondition for IMF loans) retard social stability and hence inhibit the stated goals of the IMF, while Structural Adjustment Programs lead to an increase in poverty in recipient countries.[18]

    One of the main SAP conditions placed on troubled countries is that the governments sell up as much of their national assets as they can, normally to western corporations at heavily discounted prices.


    In 2008, a study by analysts from Cambridge and Yale universities published on the open-access Public Library of Science concluded that strict conditions on the international loans by the IMF resulted in thousands of deaths in Eastern Europe by tuberculosis as public health care had to be weakened. In the 21 countries which the IMF had given loans, tuberculosis deaths rose by 16.6 %.

    AntwortenLöschen
  3. Konflikter sin vlait all di selwescht, mee et gin der emmer mei, vlait well et mei menschen gin, well vill leit nach net begraifen dat si sech mat hieren glaawen an hier wourecht bedrecken an domadder villes futti koennen maan, an na mei Konflikter an t'Luucht brengen, sou dat een Konflikt een bakterium wier, den sech diskret, waerend mir schlofen, verbreet, an eis na mei krank mecht.

    Individualismus an Egoismus kann een am Mensch fannen, et kann eng wourecht sin, wann een et erkennt. Mee ze behaapten dat dest eng demokratesch wourecht as, sin ech net averstan, virausgesetzt dat "wourecht" an "demokratie" an verschidden situatiounen baal selwescht abstrakt Termen koennen sin. Se bedaiten net dat selwescht, mee jiddfereen interpretiert et annescht, vlait mat gewess aehnlechkeeten...

    et get keen grond egoistesch ze sin? Wei dann? As dein eegenen ideal an deng freiheetsdreem keen Egoismus? Dat wats du denks as besser fir t'Menschheet, as dann net dat wats du fir dech wells? Wiers du bereed ze stierwen, dech freckt ze maan, fir dat et t'Menschheet gudd geet, geings du dech opferen? An och wanns du dat aus Leift fir t'Menschheet mess, bas du nach emmer egoistech, wells du dir eng freed dobei mess, dech fir een "gudden" zweck engageiers. Natiirlech as dat net di selwescht form vun egoismus wei een den t'Menschheet opfert fir sein eegen wuel. Den problem as, wanns du behaapts et wier net neideg egoistech ze sin, dann bas stoistech, passiv an mes naicht. Egoismus geheiert zu engen vun denen Karakteristiken dei den Mensch an sech erkannt huet. Et geheiert zum Mensch, den et erkennt. Den Egoismus wier dann psychesch an net materialistesch. Et haengt dann meechtens vun dem Egoismus of, weis du dech dann verhaels, ops du eppes deelen wells oder net.

    Wanns du keen Individuum bas, wat bas du dann? Jiddfereen?

    Wat as genuch do fir jiddfereen? Iessen? Energie? jo
    As dat alles?
    Et fehlt eppes awa, den et dem mensch net ermeiglecht drun ze kommen. Mei wei egoismus, as dat erkenntnis dat et eppes fehlt, den dech bewosst mecht dat genuch iessen an energie fir jiddfereen do. Edukatioun fehlt. Dann as t'Fro op genuch edukatioun fir jiddfereen do as, well dat fennt een mei einfach beim mensch wei an der natur.


    Et verwiesselt een Suen mat Saachen. Et schaetzt een Saachen mat enger unzuel vun suen, an den geigendeel geet och. Den Mensch as een Meechter am Verschaetzen, vun dohiir as et baal kloer dat et keen wirklechen Gleichgewicht get. Mee geing den Mensch ouni suen sech net nach mei verschaetzen, obwuel den mensch seng ressourcen och annescht moossen kann, ob gewicht, unzuel, kcal, etc. ?
    Wien versprecht dat jiddfereen sein deel vun den ressourcen kritt? Et muss vlait irgendwous unfaenken an sech lues a lues verbreeden.

    wanns du dein kierper erhaalen wells, dann as et een iwwerliewenskampf, net een kampf am senn vun krieg geing een mengen, mee dat seet een vlait och nemmen wann een et vun krieg betraff as. As et dann neideg ze stierwen? Liewen as och net neideg, naicht as notwendeg, mee dat haengt vun dengem wellen of. wanns du et fir noutwendeg haels ziwwerliewen.

    Wat as dann keng illusioun?

    AntwortenLöschen