T'Liewen as een Tünnel wou een den Wee fir zreck nie remfennt. Et denkt een dann et as een do ukomm wou een virdrun war, mee et huet sech alles geännert, obwuel alles selwescht ze sin schengt. T'Liewen as mei wei nemmen een Labyrinth. Et get keen falschen Wee, et get nemmen een Wee den am End gülteg as. Wei soll een et annescht ausdrecken? Vlait as dat den Schicksal, wann et den Schicksal existeiert. et kämpft een emmer geint den Schicksal, et probeiert een den Schicksal auszetricksen. Vlait léien mir eis selwer un, wann mir probeiren Zukunft virauszegesin, ze änneren...
Et as schon souvill Zeit vergaang, an wann ech zereckdenken, kennt et mir fir wei eng Eiwegkeet, wei eppes onendleches an ech hun na eng Eiwegkeet virun mir, virausgesetzt dat ech net wees weini ech stierwen. Dat berouegt mech. Ech hun mech emmer gefrot wat Wourecht as. Vlait sin ech dat, vlait sin ech eng Wourecht den sech am Raum an Zeit entweckelt an sech ausdehnt wei den universum. Weinstens hun ech heinandso t'Tendenz drun ze gleewen, wann ech un t'Vergangenheet denken. Et as eng Tendenz dei ech sin lossen, den ech net erzwengen. Ech hun souvill gedreemt an mengem Liewen, an ech kann mech un Dreem arenneren aus menger Kandheet, dei mir deemols mei "real" firkomm sin wei di Realiteit di mir alleguer ze gesin schengen. Ech kann mech net un all Draam arenneren, mee vlait as dat och een Deel vun der Wourecht. Mir arenneren eis net un eis Dreem, an können t'Wourecht doweinst nie erfaassen. Keinnte mir eis dreem emmer erliewen, an sech drun arenneren, wei un eng Rees den een virun 5 joren ennerhol huet... Vlait muss een net T'Wourecht an der Realiteit sichen, mee vlait sech drun arenneren.
Ech hun mech och gefrot wei weit t'welt sech verännert, wann een eenzegen faktor sech ännert, wei een Mensch zum Beispill. haengt t'entwecklungt vun der Welt net vun engem eenzegen faktor, wei wann een faktor een urknall wier? Hmmmm...
t'Zukunft waert Aentferten brengen, mee ech erwaarden keng Konklusioun mei.
As alles just eng Fro vun Point de Vue
Sonntag, 17. Mai 2009
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen