Wien huet schon nie gelaacht? Et laacht een schon wann engem eppes witzeg firkennt oder wann een einfach glecklech as, "c'est le bonheur". Mee fierwat? Fierwat laachen mir? Mussen mir dat? Wat fir eng Notwendegkeet huet et? Den Doktor geing soen: laachen as Gesond! Een deidlech-verongleckt gequälten, gekëddelten an zum Laachen gezwongenen bis zum erstecken Gefolterterten wier vlait net der selweschter Meenung, virausgesetzt hien hatt keen Spaß um Stierwen! Laachen as sënnlos, vlait grad sou sënnlos wei kraischen (woubei een soen muss dat een vun Laachen kraischen kann, an Laachen dat Kraischen als Uersach kann fannen).
Geing een t'Welt nach als witzeg, friedlech an glecklech empfannen, geing een sech t'Laachen net ofgewinnen- Kann een sech iwwerhaapt t'Laachen ofgewinnen? Wier laachen ofzeschaffen dann net grad sou grondlos wei dat Laachen selwer?
Wei soll een den Mysterium vum menschlechen Verstand ugoen?
...
Egal, jiddfereen wärt vlait zoustemmen, laachen as eppes scheines (wann een net grad gefoltert get), et as eppes wou een sech dono erliichtert fillt an doraus och nach euphoresch Empfindungen kann kreien.
Et laacht een awa net emmer aus freistem wellen, entweder laacht een spontan, oder et laacht een gezwongen. Geint dat spontan laachen kann een naicht maachen, et gin momenter wou et einfach ongemellt kënnt, et manifesteiert sech einfach. Heinsdo zwengt een sech ze laachen, well een net als een riwwer kommen well den een witz net verstan huet (schomols wann een dann den enzegen an enger grupp as, den net vun selwem ufänken geing mat laachen), et as een Laachen un den een gezwongen deel hëlt. Heinsdo awa, as et mat freed an Loscht dat een un een gemeinschaftlechen laachen deel hëlt, och wann et keen witz get wouriwwer een laachen keinnt, oder och wann een den witz net verstan huet. Den Laachen vum anneren bewierkt dat een selwer laacht. T'Laachen as een Symptom den sech vun engem op den anneren iwwerdroen kann. Vlait och , well dat Laachen vun dei anner Leit sou witzeg sin an si sou "ridicule" Lauten vun sech gin, dat een mam beschten wellen sein eegene laachen net ennerdrecken kann. Heinsdo laacht een iwwert saachen, dei guer net witzeg sin, dei schon baal "onmoralesch" sin, oder "puren saddismus" wier, wann een op t'schness geet (ob gewollt oder net, as egal) zum beispiel.
Laachen as facettenreich, an t'fro fierwat een laacht, blaiwt relativ. T'wourecht iwwert dat Laachen waert een wuel nie erfaassen können. Sech ze froen fierwat een laacht schengt grad sou eng metaphysesch Fro ze sin wei fierwat mir iwwerhaapt liewen.
Wann et "Gott" sollt existeiren, dann war eng vun sengen Schöpfungen, t'Laachen, wuel den greissten Witz den jemols erschaaft gin as!
As alles just eng Fro vun Point de Vue
Sonntag, 24. Mai 2009
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen