As alles just eng Fro vun Point de Vue

Dienstag, 19. Mai 2009

E puer froen, ennerwee, jiddfereen kann 1 oder mei froen wiellen

Mir fällt net an, wat ech schraiwen keinnt, ech befannen mech grad virun enger Mauer. Ech kucken mir di Mauer un, an ech waert nach eng Zaitchen nach drop hänkeblaiwen. Doweinst stellen ech puer froen, an der Hoffnung eng Diskutioun ze starten, wou dann jiddereen op dei froen beäntferten daerf, an seng Meenung beidroen. Ech hoffen un Inspiratioun, an dat natiirlech och fir soss jiddereen dei et waert liesen oder schraiwen, eng Inspiratioun dei een beweegt sech nach mei auszedrecken, ob kritesch oder kreativ. Ech soen am Viiraus schon merci!

1.Fierwat stin ech virun enger Mauer?
2.An weieng Momenter faenkt een un ongedëlleg ze gin? As dat gerechtfertegt?
3. Kanns du eppes verteidegen, mat dems du net averstan bas? Fiirwat (net)? (oder gin et sachen deis du verteidegs mat dems du net averstan bas?
4. Fierwat widersprecht een sech, an der Hinsicht, dat een sech gezwongen fillt eppes ze maan? Mei kloer, fierwat fillt een sech gezwongen eppes ze maachen? (z.bsp. een den anti-fast-food wier an en geet an den quick)
5. Een motiveiert dem anneren mei emweltbewosst ze liewen, net ze panikeiren an gefeierlech Situatiounen, net mam feier ze spillen, sech gudd fir bestemmt Aufgaben viirzebereeden, etc.
An dach, hällt den sech un naicht wat hien seet. Wou leit den Problem? Huet dat wat hien seet positiv aus wierkungen, well hien solch Wieder verbreet an doduerch leit motiveiert, oder as en eischter negativ, well hien sech net un t'Wieder hällt an eigentlech keen Beispill as den een follegen muss? Kann sou een Verhaalen (ob absichtlech oder net) den Wellen vum anneren zersteiren, virausgesetzt, dat en dei eng wourecht entdeckt?

2 Kommentare:

  1. Dat haengt alles vun villen Saachen oof.
    Vierun allem dovunner dass den Mensch net isoleiert als rationellt Wiesen existeiert,mee eischter eng Fonktioun an engem sozialen Kader as.

    AntwortenLöschen
  2. Alles hängt vun allem oof, ech sin kee wessenschaftler, sorry.

    Zu den Froen:
    Nummer 2: Ongedelleg gett een, sou gesin ech daat, wann een sech zou mecht. Daat heescht et ass een net oppen fier d'Situatioun wi se grad kennt, et kann een sech net upassen. Lo huet een 2 Meiglechkeiten, entweder et kalmeiert een sech an et hellt een d'Saach sou un wi se dan kennt (waat och bedeit ze erkennen daat een selwer net passt) oder et wees een datt een e Grond huet fier ongedelleg ze sin an et handelt een, et sicht een eng Alternativ.

    Nummer 5: Daat ass wierklech eng gudd Fro. Ech giff soen, et ass een schlussendlech e schlecht Beispill, en Affekot (Anwalt) vum Daiwel. Et zidd een anner Leit op eng Spuer di zu gudder läscht net dei ass di se viergett ze sin. Wann een selwer wees datt een et net voll a ganz anhält waat een fiergett an et sech an anneren Leit och zougestoen kann, dann ass et nach eng mi komplizeiert Saach. An deem Fall ass vlait d'Hoffnung nach do fier seng Haltung ze änneren. Annererseits ass et einfach eppes zouzegin, daat kennt gudd un bei de Leit, et wees een jo wi een et besser maachen keint, also kee Probleem.
    Ech fannen awer iwwerthaapt mat der Idee ze liewen e gudd Beispill wellen oofzegin, net fier anneren Leit ze weisen wi gudd een et dach selwer faerdegbrengt, mee fier mei positiv Energie ze verbreeden, an ze hellefen, ass vum Usaatz hier net domm. Dobai huet jiddereen iergent e Schung deen dreckt, iergent e schwaarze Fleck op senger West. Et gin souvill Meiglechkeeten sech selwer ze verleieren.

    Deck gudd datts du Froen stells. Mei Interaktioun!

    AntwortenLöschen