As alles just eng Fro vun Point de Vue

Montag, 15. Juni 2009

Politik

Politik.
Waat soll daat da sin?
Iergent enzwouch hunn ech eng Keier deen Statement heieren: All Handlung ass Politik (oder sou ähnlech).
Waat bedeit et eigentlech politesch engageiert ze sin?
A mengen Aen, lo an desem Moment, heescht poliesch aktiv ze sin, dain direkt Emfeld ze beaflossen. Duerch dain Handelen, deng Art a Weis Meenung ze verbreeden, vertretts du eng politesch Positioun. Ech fannen du hues mei politeschen Afloss op deng Kollegen oder Famill (mat deenens de an direktem Kontakt bass) wi iergenteen Politiker et jemols reel keint hunn. Politiker un der Spetzt vun der "Politik" hunn eigentlech keen direkt Emfeld. Si reesen duerch ganz Welt, mam Fliiger sou schnell wi nemmen meiglech, eng hallef Stonn vun Letztebuerg op Pareis, op Breissel, op London, op Berlin, an sou weider. Si hunn vlait en direkten Afloss op d'Leit, an deems se de Leit hier Emgebung emmer mei veränneren, hiert Liewen emmer mei schnell anescht ausriichten kennen (Wirtschaft). Ech mengen dei Leit di un sou eppes gleewen, sech vun iergent engem dirigeieren loossen dee wait ewech vun hinnen ass an iwwerhaapt naischt mat hinnen ze din huet, sin liicht donieft. A Plaaz ze kucke waat si wierklech an hierem Emfeld brauchen keinten, an selwer aktiv ze gin, direkt handelen, ouni ze waarden, iwwerdroen se den Schaiss op een deen wait ewech vun hinnen ass. Si lossen sech duerch hien hiert direkt Emfeld veränneren, an si haassen et. Si haassen di Welt an där se liewen an sech selwer. (Rechtsextremismus schengt eng gudd Alternativ fier vill Leit, direkt handelen, radikal bleiwen, fier d'Heemecht.) Politik ännert do naischt. Menger Meenung no solle mer alleguerten einfach kleng ufänken an do bleiwen wou et eppes ze maachen gett, nämlech doheem, virun eiser Hausdiir. Wann dese System zesummebrecht ass et daat eenzeft waat eis bleiwt. Wann et souwait ass wärten d'Leit op Strooss goen an hier Verzweiflung an Destruktioun emwandelen. Si hunn hiert Emfeld trotz scheiner Visiounen a Wahlverspriechen nach emmer net kennegeleiert oder gecheckt.
An eng Partei gioen brengt naischt. Informeier d'Leit breng se op nei Ideen. Loos se vun enger annerer Welt dreemen.
Kuck der se dach mol un, wi se do setzen an onzefridden sin.
Kuck dech dach mol un
Kuck mech.

1 Kommentar: