D Orangenschuelen leien um Teller an verstreimen hieren Doft. Ech wees et, mee ech richen et net. Ereicht wann ech hei erausgin, an herno zereck kommen waerd ech et richen. Fierwat as dat esou? Fierwat gewinnen ech mech esou un eppes bis zu deem Punkt dass et quasi verschwennt? Ech kann naicht dergeint maachen, et geschitt vum selwen. An wann dat net sou wier? Dann giff alles intressant bleiwen, wei lang och emmer ech deem schon ausgesaat wier. Ech keint quasi all Daag datselwecht man. An et keim mer vier wi wann et all Daag eppes neies wier.
Wat soll ech elo man mat daer Erkenntnis? Akzepteiren dass dat sech dru gewinnen amfong d Uersaach as dass d Menschheet do as wu se as, gedriwen vun hierem Fierwelz no neiem. Sief et elo Wessen oder Ennerhaalung. Mech mat an d Stroum geheien, oder iwerhaapt mol deen urdreiw an mer selwer erem entdecken, deen vlait schon zimlech ofgestompft as, an duerch scheinbar Veraennerungen nemmen befriedegt get. Wi zum Beispill den Kitkat deen et elo och am Waissen get. Vlait suguer spekuleiren dass et deen Urdreiw en Ziel huet, dass en eis iergendwou hifeiert.
Oder awer, probeiren hannert Kulissen ze kucken, ze erkennen dass sech ausserlech villaicht d Emstaenn aenneren, et een awer net wierklech kann Fortschrett kann nennen, dass d Illusioun Fortschrett nemmen duerch Veraennerung entsteet, mer de Fortschrett als Excuse huelen dest oder dat ze man/net ze man, no eppes ze sichen, wat eis Existenz, deen Moment deen eiweg unzedaueren schengt, iergendwei waert besser man.
Oder soll een einfach lassloossen an liewen, sech keng grouss Froen stellen, well et souwisou ni eng Secher Aentwert waert gin. Suguer den Mensch als Haer iwert d Matiere, all Natuergesetzer kennend an faeheg se ze manipuleiren, wat genau giff dat dann aenneren? Seng eegen Galaxien erschaffen, parallel Universen erschaafen, Symbiosen mat aneren Liewensformen agoen...
Et giff schlussendlech och nemmen op eiweg dauernd Ennerhaalung erauslaafen.
Egal wat ee mecht, eng Fro kennt emmer erem. Sou, an wat elo?
Eiweg Ennerhaalung.
As alles just eng Fro vun Point de Vue
Samstag, 31. Oktober 2009
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen