As alles just eng Fro vun Point de Vue

Mittwoch, 29. April 2009

Op der Kinnekswiss.

Et as scheint Wierder, ech gin mat engem Kolleeg op d Kinnekswiss fier ze kucken wei et do esou as. Huet sech no 2 Joer Uni eppes geaennert op der Kinnekswiss, dat as d Fro di ech mer stellen. Jo an nee. D Moud as hautesdaags eng aner ;) Mee di sonneg Mettesstonnen gin nach emmer op eng aehnlech Art an Weis verbrued. Beier, Zigaretten, Graas an Chipsen, sou keint een et emschreiwen. Naicht as wierklech wichteg. Et as alles do wat een brauch. Wann een alles huet, dann as naicht wichteg. Et as wei d Loft dei een anotemt, et keim een net op de gedanken se wier wichteg, se as emmer do. D Loft fier ze otmen waerd engem net ausgoen. Gradsouweineg den Beier, d Zigaretten, d Grass an d Chipsen.

Een Meedchen wat nierwt mer setzt seet mer "D Halchent vun den Leit hei sin depressiv."

Verschidden Leit gesin net immenz gesond aus, se sin iergendwei um Enn. "Sech feckt man" as een Ausdrock deen een zimlech oft heiert. Sech freckt man. Wei mecht een dat? Mat Alkohol an aneren Substanzen. Fierwat mecht een dat? Well et relax as an Spass mecht. Well een duerno driwer schwaetzen kann, an zu sech selwer soen, "Oh Mann, wat war ech den Weekend doud." Mee wat giff een dann man wann een sech net ging freckt man? Einfach esou zesummenkommen an sech ennerhaalen. Mee, iwer wat soll dann geschwat gin? Iwert den Weekend vierdrun wou een och gudd freckt war. An wann dann jidereen ging domat ophaalen sech freckt ze man, wat geif dann gescheihen? Dann wier ebemol en ganz grousst Lach do. Ganz vill Zait. eppes eidles, desagreables. Eppes wat bewosst mecht. eppes wat Froen opwerft. Wat man ech eigentlech, ausser mech freckt, an an d Schoul goen, fier herno eng Arbecht ze hun, fier Frick ze hun, fier mech freckt ze man... Wat man ech mat mengem Liewen?

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen