As alles just eng Fro vun Point de Vue

Donnerstag, 29. April 2010

D Loft as eraus.

Donneschdes Nomettes, 4 Auer. Et as wuarm, et as ebessen steckeg. Den holzenen desch. En as aal. Grad wi de STull. Op deem sutzen schon vill Leit. Vill STudenten, vill Maertyrer. Geopfert hun se sech. Fier de bedingungslosen Fortschrett. Eng nei Aera, si setzt am HAnnerkapp. D Belouhnung. Les lumières an sou weider, Wessen as Muecht. Wat as Wessen? Objektiveiert Wessen. Wessen wat eis indirekt nemmen betrefft. Un sech as dat naicht schlemmes. Den Problem as do, wou de Mensch sech sou objektiveiert dass en handelt wi wann en net ging existeiren. Wi wann d Erfahrung aus eischter Hand, dei aus 2.er Hand wier, an dei aus 3.er, di objektiiv, dei wier di allem iwerguerdend as.
Dat feiert dozou dass ech hei setzen. Ouni genau ze wessen fierwat. Alles get erforscht, alles get verbessert. Och wann dat sou gesoot get, amfong egschitt et net. Ech huelen main Schoulwee. Verkeier, Kraizungen, rout Luuchten, Frittegfettesch Snacks, Geblaers, Getuuts. D Kantine. Mikrowelleniessen. Schlangen. D Haiser, betonsbunkeren ouni Grings. Mier hun esouvill Theorie. Mier gin souvill Zait erwech eis ze froen wou mer eppes erforschen kennen, wou mer weider kommen kennen. Dass mer net mierken dass deen greissten benefice deen mer keinten erausschloen doran ging leihen, en Gang zereckzeschalten. Den Bleck net op der rouder Luucht ze hun, dei dach elo geschwenn misst emschalten... (Mier brauchen genau 7 Minuten fier op d Uni, doweinst gi mer um 7 Vier aus dem Haus.)
Den Schoulwee as net existent, en as eng Huerd, di mer vergiessen soubaal en hannert eis leit.
Ier mer et net faerdeg brengen, waehrend dem Schoulwee d WOlleken um Himmel ze kucken, waert sech naicht verbesseren.

Mittwoch, 21. April 2010

Aus eis get eppes wat mer net sin.

Gedreemt lescht Nuecht.
Begeinen eng Frendin am Tram, hat as erwuessen gin. Et kuckt dran wi paralyseiert, wi wann seng Aen eppes ginge gesin wat ganz wait ewech lait. Ech froen op et him gudd geet. ET reageiert nemmen ganz lues. Et faenkt un mat schwetzen, mat ganz mange Pausen teschent de Wierder. Wat et schlussendlech seet, "Aus eis get eppes wat mier net sin."
Main eischten Gedanken as, hat huet Angscht virun Veraennerung, well un deem festhaalen wat et kennt, senge Kolleegen, senge Plaazen, senge Gewunnechten. Ech soen zu him, hat soll et einfach gescheihen loossen, et wier dach intressant nozekucken wei d Saachen sech veraenneren.
Reicht mi speit waerd ech mierken dass et net dat as wat hat domat gemengt huet. AM 2. Deel vum Draam get dat mi kloer.
Ech sin ennerwee fier an e Kaffi, mat engem Kolleeg, dem Tom, deen op der Uni Droit studeiert.
AM Kaffi ukomm sin do nach aner Kolleegen, enner anerem den Gilles deen amgang as Manager ze gin. Hien setzt do am Paltong. Sos war en den Fussballer. Mier setzen eis. Den TOm seet dem Gilles net Moien, wourops deen sech ugepisst fillt an sech op eng arrogant ARt an Weis opreegt.
Iwerhaapt, seng Art an Weis ze schwetzen huet sech komplett veraennert. Heen as zu engem Intelektuellen gin, deen nemmen liicht 2 deiteg AUssoen mecht, sou dass en sech ni wierklech festleet, an demno ni am Feeler lait.
Den TOm hellt seng Saachen raus fier ze leiren. Blieder mat Schemaen. Hien gesait ebessen verluer aus. Froen heen wat heen dann do ging leiren. Hien get zou dass en et net wees, en wierkt iwerfuerdert an onglecklech.
Duerno kennt nach eng Frendin lanscht, d Anne. Am richtegen Liewen mecht hat och Droit, am Draam awer as et Tennisspillerin. Ech erenneren mech dass et am Tennisclub war wu mer Kanner waren. Hat wierkt glecklech an zefridden.

DU ges dat wats de mes.
Mes de net dat wats de eigentlech wells man,
Get aus dier eppes wats de net bas.

Mittwoch, 7. April 2010

Whatever happens.

Everything that has been written about all those things that have happened give us the impression of history repeating itself, of the future not being the unknown but being the predictible.
Looking at history in order to learn something from it is a waste of time in my eyes. If you were the only one to do this, you might succeed, as everyone else would be stuck in repeating patterns of behaviour. But since everyone is trying to incorporate the past in order to shape the future, everyone's representations and ways of behaviour are being updated continuously. The result is something which is impossible to grasp.
So i decided for myself to let go of history and future altogether, to forget the idea of humanity as a whole, to abandon the search for something which has to be true in the eyes of everyone.

Vive la subjectivité.
C'est tout ce qui existe.

Donnerstag, 4. Februar 2010

waat maachen?

Naischt maachen.

All Tätegkeet kann eng Form vun net-Handlung sin.
Eng Form vun Reckzuch an deen eegenen onbegrenzten Raum, deen am engleschen inner realm heescht. Handlung negeiert desen Raum, si muss en ausschalten fier sain Zweck ze erfellen: das Weltliche.
Beispill: Wanns de danz, op waat konzentreiers de dech? Op d'Wierkung deis de erzielen wells, oder op daat waat den Danz an dier dran ausleist? So when you dance, you don't dance, you step in line?
Beispill: Wanns de Musek mechs, op waat konzentreiers de dech dann? Op d'Wierkung deis de erzielen wells, oder op d'Schwingungen dei an dier dran ausgeleist gin, dei an aanneren Leit ausgeleist gin?
Beispill: Wanns de deng Aarbecht mechs, dei sde freier oder speider eng keier maachen wärts, op wat baus de dei Arbecht op? Wells de nemmen Frick maan? Oder wells de eppes sennvolles fier dech an aanner Leit maan?
Wei handels du? Wells de Muecht hunn? Wells de aanner Leit beaflossen? Oder wells de leiwer naischt maan, d'Leit sin loossen wei se sin, deenen Mächtegen hier Muecht loossen an dech duerch deng Handlungen an dain inner space versenken?

Freitag, 6. November 2009

Fierwat net...

Wat ech manner mat mier selwer beschaeftegt sin, wat d Saachen mei kloer sin.
Wei komesch as dat dann. Mei well ech fier mech selwer, mei praezis gin meng Vierstellungen, mei genau d Saachen dei sollen sin, manner wahrscheinlech sin se.

Di ganz Aentwert lait an der Probabiliteit.
Ech rechnen mer aus wi warscheinlech et as, dass alles as wi et as.
AN ech si mer secher...

Den Recht as STatistik, Theorie...

Samstag, 31. Oktober 2009

Eiweg Ennerhaalung

D Orangenschuelen leien um Teller an verstreimen hieren Doft. Ech wees et, mee ech richen et net. Ereicht wann ech hei erausgin, an herno zereck kommen waerd ech et richen. Fierwat as dat esou? Fierwat gewinnen ech mech esou un eppes bis zu deem Punkt dass et quasi verschwennt? Ech kann naicht dergeint maachen, et geschitt vum selwen. An wann dat net sou wier? Dann giff alles intressant bleiwen, wei lang och emmer ech deem schon ausgesaat wier. Ech keint quasi all Daag datselwecht man. An et keim mer vier wi wann et all Daag eppes neies wier.

Wat soll ech elo man mat daer Erkenntnis? Akzepteiren dass dat sech dru gewinnen amfong d Uersaach as dass d Menschheet do as wu se as, gedriwen vun hierem Fierwelz no neiem. Sief et elo Wessen oder Ennerhaalung. Mech mat an d Stroum geheien, oder iwerhaapt mol deen urdreiw an mer selwer erem entdecken, deen vlait schon zimlech ofgestompft as, an duerch scheinbar Veraennerungen nemmen befriedegt get. Wi zum Beispill den Kitkat deen et elo och am Waissen get. Vlait suguer spekuleiren dass et deen Urdreiw en Ziel huet, dass en eis iergendwou hifeiert.

Oder awer, probeiren hannert Kulissen ze kucken, ze erkennen dass sech ausserlech villaicht d Emstaenn aenneren, et een awer net wierklech kann Fortschrett kann nennen, dass d Illusioun Fortschrett nemmen duerch Veraennerung entsteet, mer de Fortschrett als Excuse huelen dest oder dat ze man/net ze man, no eppes ze sichen, wat eis Existenz, deen Moment deen eiweg unzedaueren schengt, iergendwei waert besser man.

Oder soll een einfach lassloossen an liewen, sech keng grouss Froen stellen, well et souwisou ni eng Secher Aentwert waert gin. Suguer den Mensch als Haer iwert d Matiere, all Natuergesetzer kennend an faeheg se ze manipuleiren, wat genau giff dat dann aenneren? Seng eegen Galaxien erschaffen, parallel Universen erschaafen, Symbiosen mat aneren Liewensformen agoen...
Et giff schlussendlech och nemmen op eiweg dauernd Ennerhaalung erauslaafen.

Egal wat ee mecht, eng Fro kennt emmer erem. Sou, an wat elo?


Eiweg Ennerhaalung.

Montag, 15. Juni 2009

Natur

Mat enger Fro an d'Wüst zeien. Rou fannen. Alleng sin.
Alleng mat de Froen. Weiderfroen.
Mediteieren. Energie schöpfen.
Mier sollen eise Kanner d'Meiglechkeet gin an d'Welt ze zeien. Si sollen leieren erwuessen ze gin, alleng kennen eenz ze gin.
Si mussen raus aus dem Schema.
Visioun.

Si mussen eng Arbecht fannen. Suen. Eng Famill grennen. Hip sin. Am Schema bleiwen. Gudd enkadreiert. Fier datt se jo net op domm Gedanken komme. Si sollen gesellschaftsfäheg sin. Interaktioun. Toleranz. Maach et, sos... Maach et, sos....

No engem Joer an der Wüst kennt et raus an ass erwuessen, et well Verantwortung an ass staark ouni Kampf, roueg.

No engem Joer an der Groussstadt wees et naischt, an schubst Verantwortung ewech. Konfusioun mecht seng Argumentatioun an Reflexioun.

Eis Kanner.
Eis Kanner.