Gedreemt lescht Nuecht.
Begeinen eng Frendin am Tram, hat as erwuessen gin. Et kuckt dran wi paralyseiert, wi wann seng Aen eppes ginge gesin wat ganz wait ewech lait. Ech froen op et him gudd geet. ET reageiert nemmen ganz lues. Et faenkt un mat schwetzen, mat ganz mange Pausen teschent de Wierder. Wat et schlussendlech seet, "Aus eis get eppes wat mier net sin."
Main eischten Gedanken as, hat huet Angscht virun Veraennerung, well un deem festhaalen wat et kennt, senge Kolleegen, senge Plaazen, senge Gewunnechten. Ech soen zu him, hat soll et einfach gescheihen loossen, et wier dach intressant nozekucken wei d Saachen sech veraenneren.
Reicht mi speit waerd ech mierken dass et net dat as wat hat domat gemengt huet. AM 2. Deel vum Draam get dat mi kloer.
Ech sin ennerwee fier an e Kaffi, mat engem Kolleeg, dem Tom, deen op der Uni Droit studeiert.
AM Kaffi ukomm sin do nach aner Kolleegen, enner anerem den Gilles deen amgang as Manager ze gin. Hien setzt do am Paltong. Sos war en den Fussballer. Mier setzen eis. Den TOm seet dem Gilles net Moien, wourops deen sech ugepisst fillt an sech op eng arrogant ARt an Weis opreegt.
Iwerhaapt, seng Art an Weis ze schwetzen huet sech komplett veraennert. Heen as zu engem Intelektuellen gin, deen nemmen liicht 2 deiteg AUssoen mecht, sou dass en sech ni wierklech festleet, an demno ni am Feeler lait.
Den TOm hellt seng Saachen raus fier ze leiren. Blieder mat Schemaen. Hien gesait ebessen verluer aus. Froen heen wat heen dann do ging leiren. Hien get zou dass en et net wees, en wierkt iwerfuerdert an onglecklech.
Duerno kennt nach eng Frendin lanscht, d Anne. Am richtegen Liewen mecht hat och Droit, am Draam awer as et Tennisspillerin. Ech erenneren mech dass et am Tennisclub war wu mer Kanner waren. Hat wierkt glecklech an zefridden.
DU ges dat wats de mes.
Mes de net dat wats de eigentlech wells man,
Get aus dier eppes wats de net bas.
As alles just eng Fro vun Point de Vue
Mittwoch, 21. April 2010
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen