As alles just eng Fro vun Point de Vue

Donnerstag, 29. April 2010

D Loft as eraus.

Donneschdes Nomettes, 4 Auer. Et as wuarm, et as ebessen steckeg. Den holzenen desch. En as aal. Grad wi de STull. Op deem sutzen schon vill Leit. Vill STudenten, vill Maertyrer. Geopfert hun se sech. Fier de bedingungslosen Fortschrett. Eng nei Aera, si setzt am HAnnerkapp. D Belouhnung. Les lumières an sou weider, Wessen as Muecht. Wat as Wessen? Objektiveiert Wessen. Wessen wat eis indirekt nemmen betrefft. Un sech as dat naicht schlemmes. Den Problem as do, wou de Mensch sech sou objektiveiert dass en handelt wi wann en net ging existeiren. Wi wann d Erfahrung aus eischter Hand, dei aus 2.er Hand wier, an dei aus 3.er, di objektiiv, dei wier di allem iwerguerdend as.
Dat feiert dozou dass ech hei setzen. Ouni genau ze wessen fierwat. Alles get erforscht, alles get verbessert. Och wann dat sou gesoot get, amfong egschitt et net. Ech huelen main Schoulwee. Verkeier, Kraizungen, rout Luuchten, Frittegfettesch Snacks, Geblaers, Getuuts. D Kantine. Mikrowelleniessen. Schlangen. D Haiser, betonsbunkeren ouni Grings. Mier hun esouvill Theorie. Mier gin souvill Zait erwech eis ze froen wou mer eppes erforschen kennen, wou mer weider kommen kennen. Dass mer net mierken dass deen greissten benefice deen mer keinten erausschloen doran ging leihen, en Gang zereckzeschalten. Den Bleck net op der rouder Luucht ze hun, dei dach elo geschwenn misst emschalten... (Mier brauchen genau 7 Minuten fier op d Uni, doweinst gi mer um 7 Vier aus dem Haus.)
Den Schoulwee as net existent, en as eng Huerd, di mer vergiessen soubaal en hannert eis leit.
Ier mer et net faerdeg brengen, waehrend dem Schoulwee d WOlleken um Himmel ze kucken, waert sech naicht verbesseren.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen