As alles just eng Fro vun Point de Vue

Donnerstag, 4. Februar 2010

waat maachen?

Naischt maachen.

All Tätegkeet kann eng Form vun net-Handlung sin.
Eng Form vun Reckzuch an deen eegenen onbegrenzten Raum, deen am engleschen inner realm heescht. Handlung negeiert desen Raum, si muss en ausschalten fier sain Zweck ze erfellen: das Weltliche.
Beispill: Wanns de danz, op waat konzentreiers de dech? Op d'Wierkung deis de erzielen wells, oder op daat waat den Danz an dier dran ausleist? So when you dance, you don't dance, you step in line?
Beispill: Wanns de Musek mechs, op waat konzentreiers de dech dann? Op d'Wierkung deis de erzielen wells, oder op d'Schwingungen dei an dier dran ausgeleist gin, dei an aanneren Leit ausgeleist gin?
Beispill: Wanns de deng Aarbecht mechs, dei sde freier oder speider eng keier maachen wärts, op wat baus de dei Arbecht op? Wells de nemmen Frick maan? Oder wells de eppes sennvolles fier dech an aanner Leit maan?
Wei handels du? Wells de Muecht hunn? Wells de aanner Leit beaflossen? Oder wells de leiwer naischt maan, d'Leit sin loossen wei se sin, deenen Mächtegen hier Muecht loossen an dech duerch deng Handlungen an dain inner space versenken?

1 Kommentar:

  1. D Handlung no bannen huet freier oder speider och eng Wierkung no baussen.
    D Kniet dis de opleis, d Kanaler dis de fraischaufels, d Energien dei an der fleissen, alles daat huet en afloss op di art an weis, weis de intuitiv no baussen wierks.

    Dei 2 Dimensiounen geheiren dozou. Wann een hei vereinfacht mecht een d Saach mei komplizeiert.

    AntwortenLöschen