As alles just eng Fro vun Point de Vue

Montag, 10. Mai 2010

Imitatioun Nummer 1

Ufank 20.
Lo stin ech do, wou ech am Fong schon emmer stoen wollt als klengen Bouf. Endlech alleng op den Been, grouss gewuess, et ass en Baart kommt oder en kennt nach. Ech dierf lo alles: Drenken, femmen, fecken, Auto fueren, alleng an d'Ausland verreesen. Ech kann lo Karriere maachen.
Frendeskreeser leisen sech op. D'Leit verspreeden sech honderem den Globus. Ech muss mech mat Leit ausenaaner setzen dei net vun do kommen wou ech hier kommen.
Bis 1ère wor kloer datt d'Elteren fier mech decideieren, mee lo soll ech daat selwer maachen. Daat ass alles net esou einfach. Et ass haaptsächlech alles zimlech opreegend. Zait verflitt, si ass gerafft.
Am Fong ass di grouss Fro: Waat maachen mat deser Existenz?

Di grouss Fro: Froen sech aanner Leit daat och heiansto? Sin dei sou dran an hierem Trott, datt se guer net nodenken, mee eischter verdrängen?
Bei all deenen decideierten Gesiichter, dei presseiert an oberflächlech geuerdent am Zuch setzen, verleisst mech heiansto ebessen d'Hoffnung, datt ech net alleng den Prenz mat den schéinen Gedanken sin. Mee ech verdrängen och. Ech sin och reischt 20 an gesin och sou aus, vun baussen. Houer jonk Spunten.

An trotzdem. Ufank 20: Waat maachen?

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen