As alles just eng Fro vun Point de Vue

Montag, 10. Mai 2010

Imitation Nummer 2

Daat mat der Theorie ass emmer sou eng Saach. Am Fong ass et kloer, datt Theorie nie d'Realiteit ass. Theorie ass ewei Mathé, et gin onerklärlech Saachen doranner, Ausnahmen, Ongereimtheeten an esou virun. Theorie ass en wait Feld, an et ass ni schlecht seng Gehierzellen unzestrengen. Et kann een jhust net alles domat erklären.

Ech setzen also an desem Kuer. Et geet iwwer Marketing. De Public ass ganz interesseiert. Mier kucken eis Statistiken un, waat Leit esou kaafen, un waat se sos nach interesseiert sin, waat hier Usprech sin. Daat ass jo alles Theorie. Emfroen. Waat een spontan entscheed, wei een sech ännert, wei een wierklech tickt, wei d'Liewen ass, kann een schweier a Wierder faassen. Et gett vun verschiddenen kloer defineierten Milieuen geschwaat, Milieuen dei an deser Gesellschaft existeieren. Dotescht konnt anscheinend naischt identifizeiert gin. Ech kucken honderem mech an mierken, wei jiddereen un dem Proff senge Leppsen hänken. Et reselt keen de Kapp. Et stellt keen eng kritesch Fro. Wann ech op hiert Ausgesin kucken, gesin ech, datt se all probeieren engem Milieu ze entspriechen. Si hunn dei baussent Form ugeholl dei an der Gesellschaft anscheinend erfuerdert gett. De Proff fuerdert des Form zum Beispill, wann hien den Public als sous-entendu zu engem vun den Milieuen zougehöreg klassifizeiert.
Eng Klassifizeirung vun Menschen. Wei wann mer Objeten wären. Nummereiert Spillsaachen am experimentellen Bereich vun den Gesellschaftstheoretiker a Weltverbesserer.

Ech hunn sos och emmer probeiert eng Äntwert op des Gesellschaft ze fannen. Ech hunn beschloss domat opzehaalen. Des Gesellschaft baut op engem Konzept op, daat vun sech aus irrationell ass. Aanneren Leit soen waat se ze maachen hunn, se kontrolleieren mussen, fier si denken. Daat kann net gudd goen.

Think for yourself, question authority

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen