Froen aner Leit sech dat och heiansdo? Jo warscheinlech schon. Mee d Leit sin jo all verschidden. DI eng wierken mei verluer, di aner manner. Et wees een halt net wei et an hieren Kaepp ausgesait.
Verschiddener sin vlait einfach manner mat sech selwer beschaeftegt. Et as einfach di ganz Gesellschaft ze verfluchen an sech eppes besseres vierzestellen. Et gin vill onglecklech Lait hei. Mee et as wi bei allem, et haenkt emmer dovun oof wat een domat mecht. Well ech gesin och glecklech Leit hei. An dat sin dann net onbedengt Leit di naiv oder blann sin. Di wessen grad suvill wi mier. Mee si gin anechters domat em. Si kennen sech och eppes besseres vierstellen. Mee amplaaz frustreiert ze sin oder "fortzelaafen", man si einfach. Op den eischten Bleck, man se vlait net vill. Se sin fein. Probeiren keng Vierurdeeler ze hun, jugeiren d Leit net ier se se wierklech kennen, an strahlen ganz einfach eppes positives hoffnungsvolles aus. Wann ech et misst resumeiren, giff ech soen, si gleewen un d Menschheet. WOu kennt dee Glawen hier? Schweier soen. Schlussendlech as all Weltsiicht e Glawen, opmanst wat d Meiglechkeeten fier d Zukunft ugeet.
Egotrip. Et fennt een emmer Grenn eppes oofzelehnen. Mee vlait sin dat just Excusen.
Realismus, Idealismus. Wat as wat?
As alles just eng Fro vun Point de Vue
Samstag, 15. Mai 2010
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen