As alles just eng Fro vun Point de Vue

Donnerstag, 20. Mai 2010

Di menschlech Guddheet

Mier gin dovun aus datt d'Basis vum Mensch gudd ass. Datt an him e Kär ass, deen zu engem Baam vun der Leift wuessen kann. Allerdengs ass et och neideg desen Kär ze spieren an op hien ze lauschteren. Ween daat net mecht, en ignoreiert, ennerdreckt, behennert der Pflanz hier Art a Weis ze wuessen. En wärt mierken datt d'Liewen net mei sou einfach ass, e wärt leiden. Lo ass d'Leiden aawer och d'Basis vun eiser Existenz. De Kär an d'Leiden zesummen maachen d'Wuessen vun der Pflanz meiglech. Akzepteieren datt et wéi deet, heescht och akzepteieren datt aus deem Kär eppes schlüpft, eng Ännerung kennt. Ween ze laang nemmen ee Wee geet, deem fällt et no enger Zait schweier emzedreinen. Leiden ennerdrecken, daat brengt naischt.

Wann ech erauskucken, an ech mech an mengem Leiden verleieren, hunn ech Visiounen vun der Apokalypse di grad am gaang ass. Dann kann ech net anescht ewei d'Menschen verfluchen an hierer Ignoranz, hierer Ahnungslosegkeet.

Wann ech d'Apokalypse akzepteieren, dann gesin ech daat, an eng Luucht geet op. Si seet mer: Deng Visiounen sin wouer, kämpf net geint se. Gei a sief wei sde bass.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen