As alles just eng Fro vun Point de Vue

Montag, 15. Juni 2009

Natur

Mat enger Fro an d'Wüst zeien. Rou fannen. Alleng sin.
Alleng mat de Froen. Weiderfroen.
Mediteieren. Energie schöpfen.
Mier sollen eise Kanner d'Meiglechkeet gin an d'Welt ze zeien. Si sollen leieren erwuessen ze gin, alleng kennen eenz ze gin.
Si mussen raus aus dem Schema.
Visioun.

Si mussen eng Arbecht fannen. Suen. Eng Famill grennen. Hip sin. Am Schema bleiwen. Gudd enkadreiert. Fier datt se jo net op domm Gedanken komme. Si sollen gesellschaftsfäheg sin. Interaktioun. Toleranz. Maach et, sos... Maach et, sos....

No engem Joer an der Wüst kennt et raus an ass erwuessen, et well Verantwortung an ass staark ouni Kampf, roueg.

No engem Joer an der Groussstadt wees et naischt, an schubst Verantwortung ewech. Konfusioun mecht seng Argumentatioun an Reflexioun.

Eis Kanner.
Eis Kanner.

Politik

Politik.
Waat soll daat da sin?
Iergent enzwouch hunn ech eng Keier deen Statement heieren: All Handlung ass Politik (oder sou ähnlech).
Waat bedeit et eigentlech politesch engageiert ze sin?
A mengen Aen, lo an desem Moment, heescht poliesch aktiv ze sin, dain direkt Emfeld ze beaflossen. Duerch dain Handelen, deng Art a Weis Meenung ze verbreeden, vertretts du eng politesch Positioun. Ech fannen du hues mei politeschen Afloss op deng Kollegen oder Famill (mat deenens de an direktem Kontakt bass) wi iergenteen Politiker et jemols reel keint hunn. Politiker un der Spetzt vun der "Politik" hunn eigentlech keen direkt Emfeld. Si reesen duerch ganz Welt, mam Fliiger sou schnell wi nemmen meiglech, eng hallef Stonn vun Letztebuerg op Pareis, op Breissel, op London, op Berlin, an sou weider. Si hunn vlait en direkten Afloss op d'Leit, an deems se de Leit hier Emgebung emmer mei veränneren, hiert Liewen emmer mei schnell anescht ausriichten kennen (Wirtschaft). Ech mengen dei Leit di un sou eppes gleewen, sech vun iergent engem dirigeieren loossen dee wait ewech vun hinnen ass an iwwerhaapt naischt mat hinnen ze din huet, sin liicht donieft. A Plaaz ze kucke waat si wierklech an hierem Emfeld brauchen keinten, an selwer aktiv ze gin, direkt handelen, ouni ze waarden, iwwerdroen se den Schaiss op een deen wait ewech vun hinnen ass. Si lossen sech duerch hien hiert direkt Emfeld veränneren, an si haassen et. Si haassen di Welt an där se liewen an sech selwer. (Rechtsextremismus schengt eng gudd Alternativ fier vill Leit, direkt handelen, radikal bleiwen, fier d'Heemecht.) Politik ännert do naischt. Menger Meenung no solle mer alleguerten einfach kleng ufänken an do bleiwen wou et eppes ze maachen gett, nämlech doheem, virun eiser Hausdiir. Wann dese System zesummebrecht ass et daat eenzeft waat eis bleiwt. Wann et souwait ass wärten d'Leit op Strooss goen an hier Verzweiflung an Destruktioun emwandelen. Si hunn hiert Emfeld trotz scheiner Visiounen a Wahlverspriechen nach emmer net kennegeleiert oder gecheckt.
An eng Partei gioen brengt naischt. Informeier d'Leit breng se op nei Ideen. Loos se vun enger annerer Welt dreemen.
Kuck der se dach mol un, wi se do setzen an onzefridden sin.
Kuck dech dach mol un
Kuck mech.

Donnerstag, 11. Juni 2009

Net wat kucks du. Wei kucks du.

Inhalter, Idden, Konzepter, Wessen. Et drengt net mei zou mer duerch. ET schengt wei wann di Saachen eidel wieren. Di ueblech Objekter op dei meng Wahrnehmung sech riicht schengen eidel. Se machen keen Ennerscheed, sin net relevant. Si sin ouni Interesse well ouni lieweg Verbindung zu deem wat momentan as. Vill mei riicht sech d Interesse op d Wahrnehmung selwer. D Objekter erschengen ausgeschoepft. Et get net mei em si. Si sin wat se sin. Vill mei intressant as dat wat een aus hinnen kann man. Wei se sech an hierer net materieller Form manifesteiren. D Wahrnehmung selwer get zum Ziel vun der Wahrnehmung. D Fro di sech stellt as, wi plastesch as d Wahrnemung, wei verformbar, wei lenkbar? D Veraennerung vun der Intensiteit as schon erliewt gin, di quantitativ Veraennerung as naicht Onbekanntes. Elo geet et drems erauszefannen op eng qualitatiif Veraennerung meiglech as. Solch Ennerfangen feiren onweigerlech zu enger gewesser Isolatioun, well schweier kommunizerbar, an relatiiv friem fier deen aneren, materialistesch kadreierten. Alles huet sai Prais.

Montag, 8. Juni 2009

Wir elende Menschen

Mir liewen hei an engem System, wou mir naicht besseres ze din schengen wei waarden... andems mir waarden, waarden mir op eng zeit, weini mir nach mei waarden können! Waerendems gin et der, dei schaffen, den ganzen zeit, si hun naicht ze waarden! dat as traureg! Mir sin Daiwelen, mee mir liewen am Paradis! Et gin hautzedaags mei an mei Engelen dei leiden mussen, fir dat et eis besser geet, dei ignoreieren mir.

Mir waarden dorobber, dat et eis besser geet. Mee wat bedait dat lo schlussendlech? Hautzedaags? Geet et eis net gudd genuch? Muss et eis emmer besser goen? Kann et eis net eng keier mei schlecht goen fir dat et annerer besser geet, bzw. fir dat annerer iwwerhaapt existeiren können?
Et get gesot dei eng sin pessimistesch an di anner sin optimistesch! Et get net gesot dat allen 2 nach emmer dreemen. Et geschitt net vill! Den eenzegen Handlen dei mir feststellen mussen as d'Autodestruktioun. Et gin Leit, dei sech investeieren t'Leit ze informeiren, ze beweegen domadder opzehaalen eis selwer an eis Welt futti ze maan! Leider sin se eng Minoriteit, an et misst een beispill un si huelen, mee an plaatz, befreien mir eis vum "schlechten gewessen" andeems mir dei Leit nemmen eise Vertrauen verschenken. Mir zersteiren wei mir et weiderhin gewinnt sin... Oder mir lauschtren net no, mir kucken net mei wat ronderem eis geschitt, et as net real. Mir wellen net wessen wat mir maan, mir wellen all ze sechere Wee. Mee et get keen sechere Wee, all Wee hällt eng Keier op.

Et get keng Zeit mei, mir hun ze laang gewaart an eis zevill geheetzt! Mir sin elend Kreaturen, keen well sech als responsabel agesin fir dat wat geschitt. Dein eng geingen jo gaeren eppes maan, mee fir d'eischt muss een t'schoul an den studium hannert sech brengen, ouni dei een net unerkannt as, als blöd on irresponsabel agestuft. An dat dauert! Et dauert emmer! Mir befannen eis an engem system, een spannennetz, an dem mir Täter zum Opfer gin sin!

kjbsdgjkbsssgdskhbdgjbdsgkjsdgjkbdsjdfjkbdgsjkbdsgjkbdsgkjbgds jksdgjksdn dsvcvoégfdsghj
gajfghaégjh
sfgkjabgkjahgkjagbjkagbalfégjabgajfdgkab
fgadféjgarbgughbéajhgéafghajgnéaroguihagéoadfgha
aéohagoighafàgiahfàoighafégihagéoairhgo8rzthaugfj4tafmgkhap9ràthj
artgo8hztlkahrtaràtp9a47uawtj

Sonntag, 24. Mai 2009

loop station as a language!

Et keinnt zum beispill sou enervant ausgesin:

Een den keen Wellen well hun, huet den Wellen keen Wellen ze hun. Well hien keen Wellen ze wellen huet, kann hien dann keen Wellen hun, dat net ze wellen wat hien well, nämlech keen Wellen ze hun. Awa, wann en een Wellen hätt, kann en dach net keen Wellen hun...

Sou Sätz sin ustrengend!

As Laachen keen komeschen witz?

Wien huet schon nie gelaacht? Et laacht een schon wann engem eppes witzeg firkennt oder wann een einfach glecklech as, "c'est le bonheur". Mee fierwat? Fierwat laachen mir? Mussen mir dat? Wat fir eng Notwendegkeet huet et? Den Doktor geing soen: laachen as Gesond! Een deidlech-verongleckt gequälten, gekëddelten an zum Laachen gezwongenen bis zum erstecken Gefolterterten wier vlait net der selweschter Meenung, virausgesetzt hien hatt keen Spaß um Stierwen! Laachen as sënnlos, vlait grad sou sënnlos wei kraischen (woubei een soen muss dat een vun Laachen kraischen kann, an Laachen dat Kraischen als Uersach kann fannen).

Geing een t'Welt nach als witzeg, friedlech an glecklech empfannen, geing een sech t'Laachen net ofgewinnen- Kann een sech iwwerhaapt t'Laachen ofgewinnen? Wier laachen ofzeschaffen dann net grad sou grondlos wei dat Laachen selwer?

Wei soll een den Mysterium vum menschlechen Verstand ugoen?

...

Egal, jiddfereen wärt vlait zoustemmen, laachen as eppes scheines (wann een net grad gefoltert get), et as eppes wou een sech dono erliichtert fillt an doraus och nach euphoresch Empfindungen kann kreien.

Et laacht een awa net emmer aus freistem wellen, entweder laacht een spontan, oder et laacht een gezwongen. Geint dat spontan laachen kann een naicht maachen, et gin momenter wou et einfach ongemellt kënnt, et manifesteiert sech einfach. Heinsdo zwengt een sech ze laachen, well een net als een riwwer kommen well den een witz net verstan huet (schomols wann een dann den enzegen an enger grupp as, den net vun selwem ufänken geing mat laachen), et as een Laachen un den een gezwongen deel hëlt. Heinsdo awa, as et mat freed an Loscht dat een un een gemeinschaftlechen laachen deel hëlt, och wann et keen witz get wouriwwer een laachen keinnt, oder och wann een den witz net verstan huet. Den Laachen vum anneren bewierkt dat een selwer laacht. T'Laachen as een Symptom den sech vun engem op den anneren iwwerdroen kann. Vlait och , well dat Laachen vun dei anner Leit sou witzeg sin an si sou "ridicule" Lauten vun sech gin, dat een mam beschten wellen sein eegene laachen net ennerdrecken kann. Heinsdo laacht een iwwert saachen, dei guer net witzeg sin, dei schon baal "onmoralesch" sin, oder "puren saddismus" wier, wann een op t'schness geet (ob gewollt oder net, as egal) zum beispiel.

Laachen as facettenreich, an t'fro fierwat een laacht, blaiwt relativ. T'wourecht iwwert dat Laachen waert een wuel nie erfaassen können. Sech ze froen fierwat een laacht schengt grad sou eng metaphysesch Fro ze sin wei fierwat mir iwwerhaapt liewen.

Wann et "Gott" sollt existeiren, dann war eng vun sengen Schöpfungen, t'Laachen, wuel den greissten Witz den jemols erschaaft gin as!

Dienstag, 19. Mai 2009

E puer froen, ennerwee, jiddfereen kann 1 oder mei froen wiellen

Mir fällt net an, wat ech schraiwen keinnt, ech befannen mech grad virun enger Mauer. Ech kucken mir di Mauer un, an ech waert nach eng Zaitchen nach drop hänkeblaiwen. Doweinst stellen ech puer froen, an der Hoffnung eng Diskutioun ze starten, wou dann jiddereen op dei froen beäntferten daerf, an seng Meenung beidroen. Ech hoffen un Inspiratioun, an dat natiirlech och fir soss jiddereen dei et waert liesen oder schraiwen, eng Inspiratioun dei een beweegt sech nach mei auszedrecken, ob kritesch oder kreativ. Ech soen am Viiraus schon merci!

1.Fierwat stin ech virun enger Mauer?
2.An weieng Momenter faenkt een un ongedëlleg ze gin? As dat gerechtfertegt?
3. Kanns du eppes verteidegen, mat dems du net averstan bas? Fiirwat (net)? (oder gin et sachen deis du verteidegs mat dems du net averstan bas?
4. Fierwat widersprecht een sech, an der Hinsicht, dat een sech gezwongen fillt eppes ze maan? Mei kloer, fierwat fillt een sech gezwongen eppes ze maachen? (z.bsp. een den anti-fast-food wier an en geet an den quick)
5. Een motiveiert dem anneren mei emweltbewosst ze liewen, net ze panikeiren an gefeierlech Situatiounen, net mam feier ze spillen, sech gudd fir bestemmt Aufgaben viirzebereeden, etc.
An dach, hällt den sech un naicht wat hien seet. Wou leit den Problem? Huet dat wat hien seet positiv aus wierkungen, well hien solch Wieder verbreet an doduerch leit motiveiert, oder as en eischter negativ, well hien sech net un t'Wieder hällt an eigentlech keen Beispill as den een follegen muss? Kann sou een Verhaalen (ob absichtlech oder net) den Wellen vum anneren zersteiren, virausgesetzt, dat en dei eng wourecht entdeckt?