As alles just eng Fro vun Point de Vue

Mittwoch, 15. Dezember 2010

Eng geschicht.

Liewen heecht sech eng geschicht erzielen. Wees ech mer keng Geschicht ze zielen sin ech net faeheg ze liewen an stellen mer dauernd Froen. Et geet net em Wourecht. Wann dann as dat di eenzeg Wourecht di een kann entdecken. Et get net em Beweiser, et geet net em Secherheet, et geet net em Leift an och net em Gerechkeet. Jidereen dee sech fier sou Saachen ansetzt mecht dat well en sech di Geschicht zesummengedicht huet, do en Senn dra gesait. Doweinst gin et och keng allgemeng Wourechten, et gin just Geschichten di besser erzielt gin wei anerer. Dathei as och eng Geschicht.

Donnerstag, 9. Dezember 2010

Entscheed dech!

Should I stay or should I go? E ganz banaalt Lidd mat engem ganz banalen Text. Allerdengs ass daat eng Fro dei ech mer oft stellen an dei emmer rem kennt. Wann ech se oppen stoen lossen, daat heescht net kloer jo oder neen äntweren, tjo dann hänken ech an sou engem Vakuum. D'Gedanken stin konterbont an Widdersproch. Am Freijoer geet daat iergentwei mei fleissend. D'Sonn liicht mer de Wee. Wanter=Daischtert=Zwiespalt=Zwickmühle. Vlait geet dann alles mei an enaanner iwwer sou daat ech Kontraster net mei erkennen kann. Hypothese Hippopotamus.
Deen Vakuum hellt mech dann op, fänkt mech. Honderem leeft natierlech alles weider wei normal. Froen, Froen, Froen am Kapp.
Definitiv ass daat Gefill keen positivt. Net daat waat ech maachen, net daat waat ech gleewen, net daat. Schlussendlech feelt mer d'Entscheedung: Daat.
Do ass et hellefraich Leit ze kennen, dei dann reageieren: Entscheed dech an zei et duerch! Hallew an engem Vakuum liewen brengt et net!

Dienstag, 16. November 2010

Home, home again.
Gemitterlech rondrem getreppelt, eroof di breet Strooss um Uni campus. AUs dem Aenwenkel bekannt Gesiiter entdeckt, Haenn di mech ruffen. Ech setzen mech op d Baenk, nierwt meng Bekanntschaften. Ech heiren Geschwaetz. Wierklecht Geschwaetz. Iwert Leit, iwer Saachen dei emmer sou sin wi se grad empfond gin. Loftverschmutzung an schlecht Energien. Ech huelen eng Schlupp Wasser. Deen dee vir vill Leit villait deen komeschsten as, vun deem ech awer spieren dass een een echten as steet op an geet fort. An ech gin mat. Eidelt Geschwaetz as net gesond.

Donnerstag, 30. September 2010

Gemitterlech

Bla bla bla. Kuckt no riets. Bla bla bla Kuckt no lenks. Bla Bla.
Souvill Wierder gin echangeiert, no lenks an no riets.

Puff puff, verpufft. Alles verpufft souwisou. As dat net esou? Mee di Vitesse leisst alles nach vill mi schnell verpuffen. De Bleck an d Ouer sin gespaant, zeihen erbai wat nach net do as. Hopp Hopp.

Ech haat haut en Daag frai. Ech luch um Bett, de Reck geint d Mauer gestaipt, lenks d Fenster, d Ridoen hallef zou an d Sonn di derduerch schenkt. Eng Zait lang. Do as een Gefill. Ech kennen dat. Et erennert mech drun, wu ech na ganz kleng war, am Summer, geint 11 Auer moies erwaechen, d Rolued as eroof, d Sonn schent derduerch, orange roud. Gudd Gefill.

Ech liesen. Gemitterlech. Vun Zait zu Zait wandert mai Bleck fort vun de Wierder, op d Sait, di net mi ganz waiss Sait. De Rand vun der Sait as liicht brong, wi zersaat duerch d Zait di schon duerch se gezunn as. Eng gewessen Nostalgie, mee net negativ. D gefill wat duerch schimmert as net dat vun "sou lang hier" mee eischter "sou lang hier, mee iergendwei nach do, de ganzen Zait".

Sonntag, 26. September 2010

Emmer weider emmer weider.
D Liewen leeft lanscht et leeft derduerch. Et sin schon ech deen lieweg as, et as schon mai Kierper un deem Spueren sech hannerloossen, trotz allem fillt et sech net un wei mei aal gin.
Et get mei fresch. Vlait huet dat och mam Hierscht ze din. Vitaliseirend, hm. D hetzt vum SUmmer as ersteckend, laehmend. EN klengen Schudder an du abs op de Been. Eng kleng Ongemittlechkeet an du leiss dech net goen. D Gemittlechkeet leisst dee schnellsten Zuch zum stoen brengen. Suerg fier eng kleng Ongemittlechkeet. Wien bis steet faenkt schnell un hannerzech zerullen. Wien bis gemittlech hannerzech rullt, fier dee get et ustrengend ebemol rem emzedreinen.
Eng kleng Ongemittlechkeet, dei as gudd.

Samstag, 7. August 2010

Op eng gewessen Art an Weis as alles just eng Saach vun der Gewunnecht. Vun der Gewunnecht an vum Vergiessen. ET faellt engem net liicht als klengt Kand mat 4 Joer opeemol mussen an d Spillschoul ze goen. Et war een gewinnt doheem oder dobaussen ze sin, ze spillen, sengen Instinkter nozegoen. Opeemol leet sech eng STruktuer op den Alldaag. Mee no enger Zait get dat normal. An dann geet et lues an lues weider. D Struktuer get emmer mei rigid. D Struktuer geet an een selwer eriwer. Sou as et dann, wann een op d Uni geet huet een se plus ou moins assimileiert. Et get een net emol mi gezwongen, et "wees" een wei een sech muss uleen fier am Studium weiderzekommen. Dat net struktureiert as sou lang hier, sou wait ewech, sech drun erenneren as schweier. Et misst een et wuel erem vun vier un leieren. hm. 20 Joer aal, esou vill Schwees investeiert. Et as kloer dass di mannsten dat elo "opgin" fier erem eppes neits ze man. Schliesslech as een mettlerweil Een, et huet een e gewessene Status, Garantien, Sousentenduen, et kritt een Respekt, gemaess deem wat ee bis lo ereecht huet. Sou as et dann, dass een fier de Rescht vun senger Verliewensdauer an denen Strukturen bleiwt, aus Angscht dat ze verleiren wat een huet. ET gin Saachen, dei een deelweis, temporaer oder progressiiv aus dene Strukturen eraushiewen, dei engem den DOft vun Spontaniteit enenrt D Nues dreiwen. Halluzinogener. Weld Rondremgerees. Meditatioun. Spontane Bloedsinn. Gewessen Literatur. Gefeierlech. Well een sech dann rem erennert. Kann ee bis verglaichen, kann een och decideiren. Huet een de Courage deen ee brauch? Dat as eng aner Fro...

Freitag, 6. August 2010

Ech setzen rem hei. Deuxième Session. Noexamen. AN ech mierken rem wei weineg Loscht ech hei drop hun. Wei weineg di MAtiere mech intresseiert. Mee wat sin d ALternativen? Fragezeichen. Elo faalen mer just dei an di ech kennen. Iergendeng eng stekeg aarbecht sichen, an den mindestloun kasseiren. VErsaueren. Sech soen, et as just temporaer. Ech rbauch Suen fier kennen fort ze goen oder sou eppes. Wat soll dat ganzt dann. Fierwat en System deen engem onmenschleches, oder gleck oofverlangt, fier dass een och nemmen d meiglechkeet huet glecklech ze gin. Weltbiller kollideiren. Ech sichn den couloir deen di 2 weltbiller matenee verbennt an se relativeiert. AM moment gesin ehc en net.