Should I stay or should I go? E ganz banaalt Lidd mat engem ganz banalen Text. Allerdengs ass daat eng Fro dei ech mer oft stellen an dei emmer rem kennt. Wann ech se oppen stoen lossen, daat heescht net kloer jo oder neen äntweren, tjo dann hänken ech an sou engem Vakuum. D'Gedanken stin konterbont an Widdersproch. Am Freijoer geet daat iergentwei mei fleissend. D'Sonn liicht mer de Wee. Wanter=Daischtert=Zwiespalt=Zwickmühle. Vlait geet dann alles mei an enaanner iwwer sou daat ech Kontraster net mei erkennen kann. Hypothese Hippopotamus.
Deen Vakuum hellt mech dann op, fänkt mech. Honderem leeft natierlech alles weider wei normal. Froen, Froen, Froen am Kapp.
Definitiv ass daat Gefill keen positivt. Net daat waat ech maachen, net daat waat ech gleewen, net daat. Schlussendlech feelt mer d'Entscheedung: Daat.
Do ass et hellefraich Leit ze kennen, dei dann reageieren: Entscheed dech an zei et duerch! Hallew an engem Vakuum liewen brengt et net!
As alles just eng Fro vun Point de Vue
Donnerstag, 9. Dezember 2010
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen