As alles just eng Fro vun Point de Vue

Sonntag, 26. September 2010

Emmer weider emmer weider.
D Liewen leeft lanscht et leeft derduerch. Et sin schon ech deen lieweg as, et as schon mai Kierper un deem Spueren sech hannerloossen, trotz allem fillt et sech net un wei mei aal gin.
Et get mei fresch. Vlait huet dat och mam Hierscht ze din. Vitaliseirend, hm. D hetzt vum SUmmer as ersteckend, laehmend. EN klengen Schudder an du abs op de Been. Eng kleng Ongemittlechkeet an du leiss dech net goen. D Gemittlechkeet leisst dee schnellsten Zuch zum stoen brengen. Suerg fier eng kleng Ongemittlechkeet. Wien bis steet faenkt schnell un hannerzech zerullen. Wien bis gemittlech hannerzech rullt, fier dee get et ustrengend ebemol rem emzedreinen.
Eng kleng Ongemittlechkeet, dei as gudd.

1 Kommentar:

  1. Ongemittlechkeet kann een natierlech och an d'Extrem dreiwen an sech trotzdem am Krees dreinen. Wann alles ze schnell am Kapp ass, ech keng Rou hunn bannen dran fier engem aanneren einfach nemmen nozelauschteren.
    Wann ech ongemittlech sin an deen aaneren gemittlech, dann knuppt et. Grad bei radikalen Aussoen kennt et mool zu Reiwungen. Oowes um Desch mat der Famill. Waat schwätzt dier iwwerhaapt? Da gett et heiansto schweier sech op d'Iessen ze konzentreieren. Den Hedonist konsumeiert mat Andacht. Merci glaichfalls. Wou fänken ech un an wou haalen ech op?
    Ongemittlechkeet als hypothetesch Onrou an mier selwer. Et passeiert weinstens eppes. Net datt daat onbedengt gudd geing doen. Mee ech wees, et ass nach Energie do.

    AntwortenLöschen