Bla bla bla. Kuckt no riets. Bla bla bla Kuckt no lenks. Bla Bla.
Souvill Wierder gin echangeiert, no lenks an no riets.
Puff puff, verpufft. Alles verpufft souwisou. As dat net esou? Mee di Vitesse leisst alles nach vill mi schnell verpuffen. De Bleck an d Ouer sin gespaant, zeihen erbai wat nach net do as. Hopp Hopp.
Ech haat haut en Daag frai. Ech luch um Bett, de Reck geint d Mauer gestaipt, lenks d Fenster, d Ridoen hallef zou an d Sonn di derduerch schenkt. Eng Zait lang. Do as een Gefill. Ech kennen dat. Et erennert mech drun, wu ech na ganz kleng war, am Summer, geint 11 Auer moies erwaechen, d Rolued as eroof, d Sonn schent derduerch, orange roud. Gudd Gefill.
Ech liesen. Gemitterlech. Vun Zait zu Zait wandert mai Bleck fort vun de Wierder, op d Sait, di net mi ganz waiss Sait. De Rand vun der Sait as liicht brong, wi zersaat duerch d Zait di schon duerch se gezunn as. Eng gewessen Nostalgie, mee net negativ. D gefill wat duerch schimmert as net dat vun "sou lang hier" mee eischter "sou lang hier, mee iergendwei nach do, de ganzen Zait".
As alles just eng Fro vun Point de Vue
Donnerstag, 30. September 2010
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen