As alles just eng Fro vun Point de Vue

Donnerstag, 14. April 2011

Why do you cry?

Because it feels good
To let all
the negative stuff flow

Donnerstag, 7. April 2011

Wer schön sein will muss leiden

Ech konzentreieren mech dorop wéi ech vu baussen wierken. Ech probéieren Wierkung auszeüben, aawer grad d'Probéieren mecht d'Wierkung onmeiglech. Ech kucken an de Frigo an well hannen eng Moschtertüb eraushuelen allerdengs ouni d'Glas emzestoussen, waat fier steet. Ech stoussen d'Glas em. Ech probéieren enger Fra kloer ze maachen datt ech frou sind nees Tai-Chi mat Leit zesummen ze maachen, ouni datt si dobai mengt ech wier e Spanner. Si reagéiert op mech wéi op e Spanner.
Notre péché est toujours avant nous. Seigneur, prends pitié de nous.
Ech mierken datt ech besser gin, andeems ech Saachen maachen déi ech fier schlecht gehaal hunn. Gudd gemengt ass net gudd gemaacht.
Et ass schéin, Plaazen ze fannen, wou een lass loossen kann, wou een kraischen kann. Ech well net datt een gesait, datt ech kraischen, ech hunn Angscht fierun der Wierkung, well ech se net aschätzen kann. Emmer wann mier eppes passeiert ass, an et hunn sech Leit em mech gekemmert, dann misst ech kraischen.
Meng Treinen sin e Merci. Wou ech ondankbar wor, wollt keng Dreps laafen.
Merci Mann.

Samstag, 22. Januar 2011

Emmer schein vague bleiwen.

Ech haat een Draam. AN der Stuff, elauter Ameisen. 2 Faesser stin och do. Ech faenken se un, se brennen. Dat intresseiert d Ameisen. SI kommen mi no. Ech lossen Musek laafen. Et wierkt. D AMeisen faenken un sech ze bewegen. Musteren entstin. Et gesait aus wi een Danz.
Just meng Schwester kennt dauernd zuer Dier eran an seet ech soll ophaalen domat.
Der Natur beim Wierken nokucken, an engem Zoustand vun Staunen an Faszinatioun. Just dat neidegst man, Konditiounen kreeieren fier eng spontan Kreatioun.
Wat as di eischt Konditioun fier dass eppes kann entstoen?
Raum.
Et brauch een sain Raum.
Wann een de Raum huet wat mecht een dann?
Et kuckt een,wat as mier dran?
Wat as dat fier eng Spannung dei mech um Liewen haellt, di mech markeiert?
Weieng 2 Extremer prallen bei mier openeen?
Dat struktureiert geint dat net struktureiert.
D Anarchie geint d Uerdnung.
Allmaechtegt Potential geint faerdeg Kreatioun.
Extremer sin heiansdo fier eppes gudd. Vill ze oft scheissen se iwert d Ziel eraus.
Ech kann d Gefill hun aus engem Extrem ze kommen fier an dat anert Extrem mussen ze goen
Ech kann mech selwer awer och als Vermettler teschent denen 2 gesin, deen deen hinnen weist wou genau se vunenee leiren kennen. ET get fier jidereen eng Plaatz op der en am Recht as. Et get fier jiedereen eng Plaatz op daer en am Onrecht as.
Peace.

Freitag, 7. Januar 2011

Wierkung.

De Mensch an seng Symbolik. Mier gin iwerschwemmt mat SYmboler, Biller, Saetz, Vierstellungen an Associatiounen. Alls verbennt sech mat allem, mier hun de menschleche Geescht, hien as dozou faeheg. Mier wessen dass et keng objektiiv Wourecht doweinst kennen eis alles sou zesummen associeiren wei mer et gaeren haetten. Hipster an sou. Dat ehemools daemlecht get zu engem Trend. Den Trend u sech soll eis net intresseiren. EIschter Dynamik dovunner. Wat haenken bleiwt as d Idee, naicht as onmeiglech, di richteg Perspektiiv mecht aus engem Pijama en Tenue correcte. Jonk sin heecht hautesdaags frai sin. Frai vun Waerter, Traditioun. Dat sin Saachen di duerch Konditioneirung entstin. Wann no baussenhin alles frai as, d Denkschinnen an honnert Dausen Richtungen verlaafen, an een an all Zuch kann erklammen ouni dass een aneren vun engem kann behaapten wou een hifiert, schengt et wi wann amfong naicht mei eng Koherenz haett, an een iwerall an neirens mat deemselwechten Resultat kann usetzen. Dat eenzegt wat dann nach bleiwt as d Erkenntnis dass alles dat meiglech as. Well de menschlechen Geescht dozou faeheg as. Et as dann hei wu een mierkt wat et bedeit fraien Wellen ze hun. Wann een wees dass een sech an egalweieng Richtung kannn konditioneieren, as et engem wierklech iwerlooss wat een domat mecht. ET kann een herno just sech selwer d Schold gin fier dat wat een denkt an mecht.

Dienstag, 21. Dezember 2010

Un coup d'oeil

Sometimes i...
Sometimes i..
Sometimes...

Still alive. Still older.
When i m alone i feel different. Somehow unreal.
Especially when i don't look into the mirror, and stop thinking.
Who's there? No answer.

I shut myself down and what appears is what i seem to know about the world.
The first things are war and hunger. I have never seen myself war or hunger. I am not concerned by this. Why does it come to my mind? The world is big and out of control.
Should i forget about Afghanistan and stay closer to where i am in order to leave this state of perceived helplessness? If everyone did this. There is this young man near the shop, begging for money. He's my age. Next time i pass him, i will talk to him. Afghanistan is not my cup of tea.

Mittwoch, 15. Dezember 2010

Synchronicity.

Wann iergendengem belanglos Gedanken kommen.

Veroeffentlech se.
Se hun vlait e rouden Fuedem.

Eng geschicht.

Liewen heecht sech eng geschicht erzielen. Wees ech mer keng Geschicht ze zielen sin ech net faeheg ze liewen an stellen mer dauernd Froen. Et geet net em Wourecht. Wann dann as dat di eenzeg Wourecht di een kann entdecken. Et get net em Beweiser, et geet net em Secherheet, et geet net em Leift an och net em Gerechkeet. Jidereen dee sech fier sou Saachen ansetzt mecht dat well en sech di Geschicht zesummengedicht huet, do en Senn dra gesait. Doweinst gin et och keng allgemeng Wourechten, et gin just Geschichten di besser erzielt gin wei anerer. Dathei as och eng Geschicht.