Ech konzentreieren mech dorop wéi ech vu baussen wierken. Ech probéieren Wierkung auszeüben, aawer grad d'Probéieren mecht d'Wierkung onmeiglech. Ech kucken an de Frigo an well hannen eng Moschtertüb eraushuelen allerdengs ouni d'Glas emzestoussen, waat fier steet. Ech stoussen d'Glas em. Ech probéieren enger Fra kloer ze maachen datt ech frou sind nees Tai-Chi mat Leit zesummen ze maachen, ouni datt si dobai mengt ech wier e Spanner. Si reagéiert op mech wéi op e Spanner.
Notre péché est toujours avant nous. Seigneur, prends pitié de nous.
Ech mierken datt ech besser gin, andeems ech Saachen maachen déi ech fier schlecht gehaal hunn. Gudd gemengt ass net gudd gemaacht.
Et ass schéin, Plaazen ze fannen, wou een lass loossen kann, wou een kraischen kann. Ech well net datt een gesait, datt ech kraischen, ech hunn Angscht fierun der Wierkung, well ech se net aschätzen kann. Emmer wann mier eppes passeiert ass, an et hunn sech Leit em mech gekemmert, dann misst ech kraischen.
Meng Treinen sin e Merci. Wou ech ondankbar wor, wollt keng Dreps laafen.
Merci Mann.
As alles just eng Fro vun Point de Vue
Donnerstag, 7. April 2011
Abonnieren
Kommentare zum Post (Atom)
Keine Kommentare:
Kommentar veröffentlichen