As alles just eng Fro vun Point de Vue

Freitag, 7. Januar 2011

Wierkung.

De Mensch an seng Symbolik. Mier gin iwerschwemmt mat SYmboler, Biller, Saetz, Vierstellungen an Associatiounen. Alls verbennt sech mat allem, mier hun de menschleche Geescht, hien as dozou faeheg. Mier wessen dass et keng objektiiv Wourecht doweinst kennen eis alles sou zesummen associeiren wei mer et gaeren haetten. Hipster an sou. Dat ehemools daemlecht get zu engem Trend. Den Trend u sech soll eis net intresseiren. EIschter Dynamik dovunner. Wat haenken bleiwt as d Idee, naicht as onmeiglech, di richteg Perspektiiv mecht aus engem Pijama en Tenue correcte. Jonk sin heecht hautesdaags frai sin. Frai vun Waerter, Traditioun. Dat sin Saachen di duerch Konditioneirung entstin. Wann no baussenhin alles frai as, d Denkschinnen an honnert Dausen Richtungen verlaafen, an een an all Zuch kann erklammen ouni dass een aneren vun engem kann behaapten wou een hifiert, schengt et wi wann amfong naicht mei eng Koherenz haett, an een iwerall an neirens mat deemselwechten Resultat kann usetzen. Dat eenzegt wat dann nach bleiwt as d Erkenntnis dass alles dat meiglech as. Well de menschlechen Geescht dozou faeheg as. Et as dann hei wu een mierkt wat et bedeit fraien Wellen ze hun. Wann een wees dass een sech an egalweieng Richtung kannn konditioneieren, as et engem wierklech iwerlooss wat een domat mecht. ET kann een herno just sech selwer d Schold gin fier dat wat een denkt an mecht.

Keine Kommentare:

Kommentar veröffentlichen