Ech haat een Draam. AN der Stuff, elauter Ameisen. 2 Faesser stin och do. Ech faenken se un, se brennen. Dat intresseiert d Ameisen. SI kommen mi no. Ech lossen Musek laafen. Et wierkt. D AMeisen faenken un sech ze bewegen. Musteren entstin. Et gesait aus wi een Danz.
Just meng Schwester kennt dauernd zuer Dier eran an seet ech soll ophaalen domat.
Der Natur beim Wierken nokucken, an engem Zoustand vun Staunen an Faszinatioun. Just dat neidegst man, Konditiounen kreeieren fier eng spontan Kreatioun.
Wat as di eischt Konditioun fier dass eppes kann entstoen?
Raum.
Et brauch een sain Raum.
Wann een de Raum huet wat mecht een dann?
Et kuckt een,wat as mier dran?
Wat as dat fier eng Spannung dei mech um Liewen haellt, di mech markeiert?
Weieng 2 Extremer prallen bei mier openeen?
Dat struktureiert geint dat net struktureiert.
D Anarchie geint d Uerdnung.
Allmaechtegt Potential geint faerdeg Kreatioun.
Extremer sin heiansdo fier eppes gudd. Vill ze oft scheissen se iwert d Ziel eraus.
Ech kann d Gefill hun aus engem Extrem ze kommen fier an dat anert Extrem mussen ze goen
Ech kann mech selwer awer och als Vermettler teschent denen 2 gesin, deen deen hinnen weist wou genau se vunenee leiren kennen. ET get fier jidereen eng Plaatz op der en am Recht as. Et get fier jiedereen eng Plaatz op daer en am Onrecht as.
Peace.
As alles just eng Fro vun Point de Vue
Samstag, 22. Januar 2011
Freitag, 7. Januar 2011
Wierkung.
De Mensch an seng Symbolik. Mier gin iwerschwemmt mat SYmboler, Biller, Saetz, Vierstellungen an Associatiounen. Alls verbennt sech mat allem, mier hun de menschleche Geescht, hien as dozou faeheg. Mier wessen dass et keng objektiiv Wourecht doweinst kennen eis alles sou zesummen associeiren wei mer et gaeren haetten. Hipster an sou. Dat ehemools daemlecht get zu engem Trend. Den Trend u sech soll eis net intresseiren. EIschter Dynamik dovunner. Wat haenken bleiwt as d Idee, naicht as onmeiglech, di richteg Perspektiiv mecht aus engem Pijama en Tenue correcte. Jonk sin heecht hautesdaags frai sin. Frai vun Waerter, Traditioun. Dat sin Saachen di duerch Konditioneirung entstin. Wann no baussenhin alles frai as, d Denkschinnen an honnert Dausen Richtungen verlaafen, an een an all Zuch kann erklammen ouni dass een aneren vun engem kann behaapten wou een hifiert, schengt et wi wann amfong naicht mei eng Koherenz haett, an een iwerall an neirens mat deemselwechten Resultat kann usetzen. Dat eenzegt wat dann nach bleiwt as d Erkenntnis dass alles dat meiglech as. Well de menschlechen Geescht dozou faeheg as. Et as dann hei wu een mierkt wat et bedeit fraien Wellen ze hun. Wann een wees dass een sech an egalweieng Richtung kannn konditioneieren, as et engem wierklech iwerlooss wat een domat mecht. ET kann een herno just sech selwer d Schold gin fier dat wat een denkt an mecht.
Abonnieren
Posts (Atom)